#regionalsaisonal

Sou frësch,sou Lëtzebuerg

#regionalsaisonal

Sou frësch,

sou Lëtzebuerg

#regionalsaisonal

Jughurt a Mëllech, Äppel an Zalot, Kéis an Ham, Eeër a Miel, Hunneg a Rapsueleg ... d’Auswiel un heemesche Liewensmëttel ass grouss. Mee wéi eng Iesswuere kommen aus der Regioun a wéi gi se hiergestallt? Bauere vun Heiheem ginn een Abléck an hier Aarbecht an an d’Produktioun vun héichwäertege Liewensmëttel.

Regional

Saisonal?

Ëmmer méi Leit leeë Wäert op eng gesond an nohalteg Ernärung mat saisonalen a regionale Liewensmëttelen. Just grad haut, wou d’Ofhängegkeet vun internationale Liwwerketten offensichtlech gëtt, sollten d’Konsumenten d’Geleeënheet notzen, hiert Kafverhalen ze iwwerdenken. En éischte Schrëtt an dës Richtung ass et, sech iwwer Liewensmëttelen aus landwirtschaftlecher Produktioun zu Lëtzebuerg an d’Plazen, wou een se kafe kann, ze informéieren.

Saisonskalenner

Uebst a Geméis

An eisem Saisonskalenner gesitt Dir all Mount, wéi een Uebst a Geméis grad regional a saisonal ze kréien ass.

Facebook
Pinterest

Rezept