Eis Baueren:

OP BESUCH ZU Baastenduerf

Bob Kaes


D’Eeërproduktioun um „Meyrishaff“ zu Baastenduerf ass Handaarbecht. All Moie ginn d’Eeër, déi vun den Hénger gréisstendeels an d’Nascht geluecht ginn, vun Hand agesammelt. Zwee bis dräi Mol den Dag kuckt e Mataarbechter am mobillen an am groussen Héngerstall no, ob alles an der Rei ass, iwwerpréift, ob d’Déiere genuch Fudder a Waasser hunn, a sammelt dobäi de Rescht vun den Eeër an, déi kräiz a quier uechter de Stall geluecht goufen. Bis se verpaakt am Buttek vum Haff stinn, si sechs Aarbechtsschrëtt néideg, déi alleguer vun Hand gemaach ginn. Verkaf ginn d’Eeër vun de Fräilandhénger gréisstendeels ouni Tëschenhändler, direkt un de Client. D’Poulete gi kommerzialiséiert am Kader vum Projet „Lët‘z Poulet“, un deem véier Bauerebetriber bedeelegt sinn, déi no deene selwechte Standarde produzéieren, fir eng duerchgängeg Offer ze garantéieren.

D’Kaalwer vun den Angus-Kéi, déi um Haff gebuer ginn, ginn och hei opgezillt. All zwou Woche bréngt de Bob Kaes Ranner an d’Schluechthaus, dat net wäit ewech ass. D’Véi, dat geschluecht gouf, gëtt an der Metzlerei vum Haff verschafft. „Déi edel Stécker sinn natierlech séier fort. Mir ass et allerdéngs wichteg, datt dat ganzt Déier verschafft a verkaf gëtt. Eréischt dono gëtt dat nächst geschluecht“, sou de Bob Kaes. Fir no dëser Philosophie schaffen ze kënnen, huet um „Meyrishaff“ eng Metzlerei mat enger Wurschtkiche missen ageriicht ginn. En Deel vum Fleesch gëtt hei agekacht, d’Rëndfleesch zum Beispill als Ragout, d’Fleesch vun den Hénger als „Bouchée à la reine“. „Fir Zoppenhénger gëtt et an Europa keng Demande. Mir verschaffe se selwer, well et mécht kee Sënn, se an afrikanesch Länner ze exportéieren an do de Maart futti ze maachen“, seet de Bob Kaes. 

„Mir ass et wichteg, datt Liewensmëttel weder beim Akaf nach beim Verkaf iwwer laang Strecken transportéiert ginn.“

An der Epicerie vum Haff ginn och d’Äerdbiere verkaf, déi am Betrib an zwee grousse Folientunnelen ugebaut ginn. Och hei ass d‘Nofro grouss. Zum Sortiment gehéieren ausserdeem och nach aner Produkter aus der Regioun.

Schonn am Alter vun zéng Joer huet de Bob Kaes Hénger gehalen an d’Eeër un d’Nopere verkaf. „Et huet mir ëmmer grousse Spaass gemaach, an der Landwirtschaft ze schaffen“, seet hien. „Ech si begeeschtert vun der Hierstellung vu Liewensmëttel an et freet mech, wann ech dem Client nei Produkter ubidde kann“. De Bob huet säin Hobby zum Beruff gemaach.

Firwat léiwer regional akafen?

„Ech halen näischt dovun, Liewensmëttel iwwer wäit Weeër bei de Client ze bréngen. A wie laang Transportweeër vermeide wëll, dee muss saisonal Produkter kafen. Vill Leit maache sech Suerge wéinst dem Klimawandel. Fir konsequent ze sinn, misste si och saisonal a regional produzéiert Liewensmëttel kafen“, sou de Bob Kaes. Et geet och drëm, déi einheimesch Betriber ze ënnerstëtzen. „D’Handwierk stierft aus oder gëtt an d‘Ausland verlagert. Wéi d’Handwierk vum Metzler z. B.; dës Aarbecht gëtt u grouss Betriber ausgelagert, wat natierlech Risike mat sech bréngt. E Monopol ass an der Liewensmëttelproduktioun ëmmer geféierlech.“

Mir musse kleng, mëttelstänneg a Familljebetriber ënnerstëtzen, an dat geet nëmmen, wa mir do akafen, wou mir liewen.

Weider Produzenten

entdecken