Eis Baueren:

Op Besuch zu Pënsch

Share on facebook
Share on pinterest

David L’Ortye

Mueres fréi kuckt den David L’Ortye fir d’alleréischt no senge Limousin-Ranner. Säi Betrib zu Pënsch ass spezialiséiert op d’Zuucht vu Mammekéi a gëtt intensiv bewirtschaft. Am Wanter falen dann déi üblech d‘Aarbechten am Stall un: fidderen, astreeën. D’Mammekéi kaalwen dat ganzt Joer iwwer, soudatt de Bauer all Dag no de Kaalwer an den trächtege Kéi muss kucken. Um Ufank vum Joer mussen d’Wisen an d’Stécker virbereet ginn, eng Zäit, an där den David L’Ortye den Duebelen net wiere kann. An de Summerméint steet d’Recolte an d’Hierstellung vu Hee a Silo um Programm. D’Stréi gëtt gepresst. Elo këmmert sech de Bauer virun allem ëm säin zweet Standbeen: dem Zille vu Geméis.

Zesumme mat de COOPERATIONS Entreprises Socio-Culturelles bedreift den David L’Ortye en Atelier protégé op sengem Haff. Hei schaffe Mënsche mat Aschränkungen an der Geméisproduktioun. Zirka véierzeg verschidde Kulture ginn an den dräi Zären an dobaussen ugebaut. Geliwwert gëtt d’Geméis un de Restaurant vu COOPERATIONS zu Wolz, un d’Maison relais zu Wëlwerwolz an un d’Awunner. D’Fleesch vun de Mammekéi verkeeft den David L’Ortye direkt un de Client.

 

Firwat léiwer regional akafen?

Leit, déi an der Liewensmëttelproduktioun schaffen, sollen de gläiche Liewensstandard kënne genéissen ewéi déi, déi dës Liewensmëttele konsuméieren.

Dëse sozialen Aspekt ass ganz wichteg fir den David L’Ortye: „D’Aarbechter an der regionaler Geméiszuucht z. B. ginn adequat bezuelt a si sozialverséchert.“

 

Den Import vu Liewensmëttel verursaacht weltwäit gesinn en Ongläichgewiicht vun den natierleche Ressourcen, dat de ganzen Ökosystem zerstéiert. Ëmwelt- a Waasserproblemer sinn d’Resultat vun enger Intensivéierung vun der Landwirtschaft a Länner, aus deene mir Wueren importéieren. 

„D’Närstoffer an d’Energie, déi eng Banann, fir op enger Plantage a Kolumbien zum Beispill zeideg ze ginn, aus dem Buedem gezunn an an sech gespäichert huet, gi bei eis verwäert. D’éischt duerch de Mënsch an da lant och nach de Klärschlamm bei eis um Feld“, seet den David L’Ortye.

An der EU gëtt et Gesetzer fir d’Wuel vum Déier an den Naturschutz, déi an anere Länner op der Welt net gëllen. „Wann ee regional akeeft, kann ee sécher sinn, datt d’Liewensmëttelen no dëse Standarde produzéiert goufen an d’Leit, déi dofir geschafft hunn, a gudde Verhältnisser kënne liewen a schaffen.“

Regional akafen heescht dozou bäidroen, datt den natierleche Raum erhale bleift.

Weider Produzenten

entdecken