Eis Baueren:

Op Besuch zu Huldang

Share on facebook
Share on pinterest

Kim Siebenaller

Den Aarbechtsdag um Bauerenhaff vun der Famill Siebenaller zu Huldang fänkt moies um 6 Auer un. D’Kim, wat de Betrib mat sengem Mann a sengen Eltere féiert, geet da no den 140 Mëllechkéi kucken, fiddert se an dränkt d’Kaalwer. Am spéide Summer an am Hierscht geet d’Famill géint 11 Auer raus op d’Feld fir d’Recolte vun de Gromperen an Zwiwwelen ze maachen. Bei den Zwiwwele gëtt fir d’éischt d’Gréngs ofgemulcht, da ginn se mat der Gromperemaschinn aus dem Buedem geholl. An enger eegener Lagerhal ginn se a Këschte stockéiert fir ze dréchnen. Owes ginn d’Kéi nach eng Kéier gestrach, de Stall gëtt ausgemëscht a mat Stréi agestreet.

D’Mëllech verkeeft d’Famill Siebenaller un d’Luxlait an déi op dräi Hektar ugebauten Zwiwwel, d’„Ënnen van douawen“, ginn un d’Supermarchés-Chaîne Cactus verkaaft. Op engem Hektar gi Gromperen ugebaut – Allians, Annabelle, Desiree a Bintje – déi u Restauranten an um Haff u Privatclienteë verkaf ginn. Op 60 Hektar vum Familljebetrib wiisst Gras, op weidere 50 gi Mais, Ierbessen a Kären ugebaut – alles Fudder fir d’Kéi.

Schonn als Kand huet d’Kim Siebenaller gären eng Hand um Bauerenhaff vu sengen Eltere mat ugepak. „Ech war deemools schonn déi meeschten Zäit am Stall an d’Aarbecht mat de Kéi huet mir ëmmer Freed gemaach“, seet hatt.

Firwat léiwer regional akafen?

„Well een esou d’Produzenten a sengem Wunnuert, oder an der Regioun, ënnerstëtzt an doduerch déi lokal Ekonomie stäerkt. Déi kuerz Transportweeër schounen d’Ëmwelt an de Client gesäit, wou seng Liewensmëttel hierkommen. E brauch dofir jo nëmmen ee Bléck op d’Felder an op d’Bauerenhäff ze werfen.“

 

D’Auswiel u lokale Produite gëtt ëmmer méi grouss. Wann de Client seng Suen doheem ausgëtt, da bleift d’Wertschöpfung an der Regioun erhalen.

Weider Produzenten

entdecken