Eis Baueren:

OP BESUCH ZU Koler

Share on facebook
Share on pinterest

Lynn Jemming


Hénger, déi Eeër leeën, an d’Hale vu Mammekéi vun der Rass Limousin sinn d‘Haaptpiliere vum Haff, deen d‘Lynn, de Bob an de Pol Jemming mat der Ënnerstëtzung vun hiren Eltere Marie-Antoinette a Jean-Marie an drëtter Generatioun féieren. Dobäi kommen dann nach den Akerbau, mat deem si d’Fudder fir hir Déiere genee ewéi Weess a Spelz fir d’Produktioun vu Miel ubauen. 2009 huet d’Famill decidéiert, de Betrib op Bio-Landwirtschaft ëmzestellen.

E groussen Deel vun der Produktioun vum Haff zu Koler gëtt um direkte Wee verkaf iwwer de klenge Self Service-Buttek op der Plaz, dee groussen Uklang bei de Konsumente fënnt, an an de Maison-relaisen (de Betrib bedeelegt sech um Projet „Natur genéissen“ vum Naturschutzsyndikat SICONA), Restauranten an Hoteller. 

Deen aneren Deel vun den Eeër gëtt iwwer d‘Genossenschaft Bio-Ovo kommerzialiséiert a kënnt esou an d’Rayone vu verschiddene Supermarchéen.

D’Véi fidderen, d’Eeër asammelen, d’Commandë virbereeden an ausliwweren an aner saisonal Aufgaben an Aarbechten, wéi Hee a Stréi eranhuelen, kucken ob beim Véi op der Weed alles an der Rei ass, Perche flécken asw. „Um Haff ass ëmmer eppes lass,“ seet d‘Lynn Jemming. D‘Landwirtschaft ass seng Leidenschaft an hatt engagéiert sech am léifsten an Eegeregie a Projeten, déi de Betrib no vir bréngen.

Firwat léiwer regional akafen?

„Wärend der Corona-Pandemie hunn d’Clientë méi op Produkter zeréckgegraff, déi zu Lëtzebuerg produzéiert ginn. De Konsument ka bei de lokale Produzenten hannert d’Kulisse kucken a sech selwer e Bild vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft maachen. Am Endeffekt decidéiert hie beim Kaf vu Liewensmëttel, wéi eng Zort vu Produktioun hien ënnerstëtze wëll. Zu Lëtzebuerg gëlle streng Bedéngungen, wat d’Wuel vun den Déieren an den Ëmweltschutz ugeet, an déi ginn all Joer kontrolléiert“, seet d‘Lynn Jemming. „D’Véi op de Weeden ass e wichtege Bestanddeel vum Naturschutz, dem Landschaftsbild an der Notzung vun extensive Flächen. D‘Gréngfläche sinn nëmme mat Hëllef vu Wiederkäuer notzbar a si späicheren CO2.“

 

Net nëmmen d’Baueren droe Verantwortung dofir, d’Natur ze erhalen, mee och d‘Konsumenten. Mam Kaf vu saisonale Produkter aus der Regioun kënne si hiren Deel bäidroen.

Weider Produzenten

entdecken