Eis Baueren:

Op Besuch zu Dippech

Share on facebook
Share on pinterest

Pierre Witry

Déi meeschten Zäit vum Joer stinn déi ronn 45 Mëllechkéi, 30 Ranner, 15 Kaalwer an de Stéier vum Biohaff Witry op de Weede ronderëm de Betrib. „Wann d’Wieder gutt ass, si se Dag a Nuecht dobaussen. Am Wanter si se am Lafstall, mee wann de Buedem gefruer ass, da loosse mer se och op d‘Weed“, seet de Pierre Witry. Hie féiert den Haff zesumme mat senger Fra Caroline Massard. Am Duerchschnëtt gëtt eng vun dëse Kéi 25 Liter Mëllech pro Dag. De groussen Deel dovu gëtt un d’BIOG-Molkerei geliwwert, d’Clienteë kënnen d’Bio-Mëllech awer och direkt op der Mëllechtankstell um Haff kafen.

2006 huet de Pierre Witry mat der Ëmstellung vum Betrib op eng biologesch Landwirtschaft ugefaangen. Säit 2008 huet den Haff d’Bio-Zertifizéierung.

„Mir ass am konventionelle Landbau opgefall, dass ech ëmmer méi hu missen düngen a sprëtzen, fir meng Erträg ze halen. Dat huet fir mech kee Sënn méi gemaach. Ech wollt och aus där Ofhängegkeet vun der chemescher Industrie erauskommen“, erkläert de Pierre Witry. Bio ass déi Aarbechtsweis, mat där hien am zefriddensten ass. „Dat ass fir mech déi richteg Bewirtschaftungsweis. Se weist mer, dass Landwirtschaft och am Aklang mat der Natur funktionéiert.“

Vun de 75 Hektar Land déi zum Betrib gehéiere si 40 Hektar Gréngland. De Rescht ass Akerland op dem Weess, Huewer, Ierbessen a Bounen ugebaut ginn, als Fudder fir d’Kéi. De Pierre Witry baut d’Kären an d’Leguminosen a Mëschkultur un, fir dat déi verschidde Kulture vunenee profitéieren. Sou versuergen d’Ierbessen zum Beispill de Weess mat Stéckstoff.

De Biohaff ass och eng ferme pédagogique ëm déi sech d’Caroline Massard këmmert, wat haaptberufflech als Grondschoulléierin schafft. „Hatt huet a senge Klasse festgestallt, dass vill Kanner kee Bezuch zur Landwirtschaft hunn an net wëssen, wou d’Liewensmëttel hierkommen“, sou de Pierre Witry. Hie selwer ass um Bauerenhaff grouss ginn an huet ni een anere Beruff wéi Bauer an d’A gefaasst.

Firwat léiwer regional akafen?

„Wann ee bei engem lokale Produzent akeeft, da kritt een een Iwwerbléck iwwer d’Liewensmëttelhierstellung. Mir hu vill Kontakt zu Clienteën, déi bei eis um Haff akafen. Se interesséiere sech fir d’Produktiounsweisen a gesinn se och mat hiren eegenen Aen. Sou kréien se Vertrauen an d’Qualitéit vun de Liewensmëttel.“

Regional a saisonal akafen ass gutt, wann et da nach Bio ass, ëmsou besser!

Weider Produzenten

entdecken