Frësch Mëllech direkt vun der Kou kann ee mëttlerweil bei siwe Bauere kafen, déi e Mëllechautomat op hirem Haff installéiert hunn. Dëst sinn d'Betriber Klein zu Rulljen, Sangers-Majerus zu Nidderpallen, Biver zu Nouspelt, Witry zu Dippech, Biver zu Beetebuerg, Tempels zu Nidderkuer an Elsen zu Amber.
De Marc Elsen huet 2014 op sengem Haff déi éischt offiziell geeicht Mëllechtankstell zu Lëtzebuerg opgestallt. Vun der Mëllech, déi seng 100 Mëllechkéi pro Dag ginn, verkeeft hien 30 Liter den Dag iwwer dësen Automat, deen hien aus der Schwäiz huet. Mëttlerweil huet de Marc Elsen och d'Vertriedung fir dës Mëllechtankstellen zu Lëtzebuerg iwwerholl.
All Moie spullt de Marc Elsen de Behälter vum Automat aus a fëllt e mat frëscher réier Mëllech. „Dës Mëllech gëtt nëmmen an der Sträichmaschinn gefiltert, fir de Rescht ass se onbehandelt. Si enthält de ganze Fettundeel, e bësse méi ewéi 4 Prozent“, sou de Bauer. Hie kritt vill Réckmeldunge vun zefriddene Clienten, déi frou sinn, „endlech erëm Mëllech ewéi fréier“ kënnen ze kafen.
D'Glasfläschen, déi een dofir brauch, kann ee sur place kafen, oder awer vun doheem matbréngen. Am Fong kann ee all proppere Behälter, deen ee kann zoumaachen, benotzen, fir d'Mëllech aus dem Automat ze tanken. Et muss een awer oppassen, datt een d'Killkette beim Transport fir heem net ënnerbrécht.
Ëmmer méi Clientë si bereet, hir Liewensmëttel direkt beim Hiersteller ze kafen. Dat lount sech fir si och finanziell, wëll et ass méi bëlleg, wéi wann d'Produiten iwwer Zwëschenhändler verkaf ginn