Eis Baueren:

Op Besuch zu Hëpperdang

Alex a Jos Schanck

A siwenter Generatioun féiert den Alex Schanck säit 2018 de Familljebetrib zu Hëpperdang. 1980 huet säit Papp, de Jos Schanck, den Haff op biologesch-dynamesch Landwirtschaft ëmgestallt – als éischte Betrib zu Lëtzebuerg. De Prinzip vun der biologesch-dynamescher Aarbechtsweis ass d’Kreeslafwirtschaft an där de Bauer nëmme souvill Véi hält, wéi e mat sengem Land ernäre kann. Mat den Déier hirer Mëscht gëtt de Buedem gedüngt.

„Enn de 1970er Joren hunn ech gesinn, dass d’Optiméierung vun der konventioneller Landwirtschaft op Leeschtung an Ertrag nëmme mam Asaz vu méi Technik a vun chemesch-syntheteschen Dünge- a Sprëtzmëttel méiglech wier, déi dem Buedem an der Natur schueden“, sou de Jos Schanck. Et wier virauszegesi gewiescht, dass dat zum Réckgang vu villen Déier- a Planzenarten géing féieren. „Ech hunn och gesinn, dass d’Masseproduktioun bei den Déier zu Haltungssystemer féiert, déi fir mech net ze veräntwerte waren.

Fir mech war déi biologesch, a speziell déi biologesch-dynamesch Landwirtschaft, mat hirer Kreeslafwirtschaft a neie Vermarktungsléisungen d’Alternativ a mir si säit 1980 een Demeter-Betrib“, erkläert de Jos Schanck.

Op 100 Hektar produzéiert de Schanck-Haff haaptsächlech Gromperen, Muerten a Broutweess, Käre fir d’Véi an de Rescht ass Gréngland. Ronn 50 Mëllechkéi mat Nozuucht sinn um Bio-Haff, deenen hier Mëllech gëtt zu 90 % an der BIOG-Kéiserei, déi um Haff zu Hëpperdang ass, verschafft.

„Ech sinn hei um Haff grouss ginn a hu gesinn, dass een och Landwirtschaft ouni kënschtlechen Dünger a chemesche Planzeschutz bedreiwe kann. 

D’Erträg si villäicht e bësse méi kleng, mee d’Qualitéit vun eise Produiten mécht dat rëm wett“, seet den Alex Schanck. Och wann den Haffbuttek scho säit e puer Joer zou ass, kommen ëmmer nach Klienten op Hëpperdang, fir Mëllech, Kéis, Zoossiss, Fleesch, Gromperen oder Muerten ze kafen, déi een hei nach ongewäsch kritt. „Eis Klienten soen, dat géif een Ënnerscheed am Goût man.“

Während der Corona-Pandemie wier d’Demande no Bio-Liewensmëttel staark an d’Luucht gaang. „A lo ass den Ëmsatz duerch déi aktuell Geldentwertung méi déif gefall, wéi e viru Corona war.“ Senger Meenung no steet d’Qualitéit vun de Liewensmëttel a wou se hierkomme fir vill Leit net un éischter Stell. „Mee eise Klienten, deenen ass dat wichteg!“

Firwat regional a saisonal akafen?

D’Aarbechtsweis vun der Kreeslafwirtschaft implizéiert de regionalen a saisonalen Verkaf vun de Produkter. D’Biobaueren zu Lëtzebuerg produzéieren qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel. Firwat soll een dann z. B. Fleesch aus Argentinien kafen amplaz mat sengem Akaf déi Lëtzebuerger Biobaueren ze ënnerstëtzen?

Weider Produzenten

entdecken