Eis Baueren:

Op Besuch zu Furen

André Zewen

Am Kanton Veianen hunn d’Nëss nach ëmmer eng grouss Roll gespillt. Dat wosst och den André Zewen, wéi hie virun iwwer 40 Joer seng éischt Nëssbeem ugeplanzt huet. Haut huet de Biobauer vu Furen niewent senge 40 Mammeschof eng 1.150 Beem op 13 Hektar. An engem normale Joer produzéieren dës bis zu 10 Tonnen Nëss. Zwee Drëttel dovunner ginn als Tafelnëss verkaaft a mam Rescht, dat sinn Nëss déi méi kleng sinn, produzéiert den André Zewen Bio-Nossueleg.

D’Recolte zitt sech iwwert 4 Wochen am Oktober. De Gros vun den Nëss kann den André Zewen mat senger Maschinn rafen. Just op e puer Hiwwele kënnt dës net hin. Dem André Zewen seng Nëssproduktioun ass en 1-Mann Betrib.

„Ech maachen nach e bëssi Schofsfleesch fir de Biometzler Niessen, mä ech wëll mech awer ëmmer méi op d’Nëssproduktioun konzentréieren. Bis elo kréien ech nach alles eleng hin. Wann eng Kéier Nout um Mann ass, dann hëlleft mäin Noper mer“, esou de passionéierten Nëssproduzent. Seng Nossproduktioun ass zanter 1998 biozertifizéiert.

„D’Aart a Weis wéi een e Bioproduit produzéiert läit mer einfach“ esou de Biobauer vu Furen. D’Nohaltegkeet an der Landwirtschaft ass fir den André Zewen immens wichteg: „Ech bedreiwen eng Form vun Agroforstwirtschaft well d’Beem fir mech eng essentiell Roll an der Landwirtschaft spillen. 

Si si gutt fir d’Biodiversitéit, fir de Buedem an si suergen derfir, datt e gutt Mikroklima entsteet. Ech fannen et Schued, datt d’Agroforstwirtschaft als Method net vill méi ugewannt gëtt. Si huet sou vill Guddes ze bidden.“ 

Firwat léiwer regional akafen?

„D’Leit entscheede mat hirem Kafverhalen, wéi eng Landwirtschaft mir hei zu Lëtzebuerg hunn. Si entscheeden och ob eng Nischeproduktioun zu Lëtzebuerg iwwerhaapt machbar ass!“ esou de Nëssproduzent, deen dëst Joer gemierkt huet, datt d’Konkurrenz aus dem Ausland mat méi bëllege Produiten enorm zougeholl huet.

Den Nossueleg an d’Nëss kann een direkt beim Produzent bestellen an se op Furen siche goen. Dem André Zewen seng Produite fënnt een awer och an de lokale Bio-Butteker esou wéi bei verschiddene klenge Partnergeschäfter.

Um Site www.zewen.lu fënnt een och e puer flott Rezepter déi ee mat de Nëssproduite vum André Zewen doheem nokache kann.

D’Leit mussen hannert de Produite Gesiichter gesinn, an net nëmmen e Präis!

Weider Produzenten

entdecken