Fir Leit, déi gären Téi drénken, ass d’Lëtzebuerger Mark „Téi vum Séi“ bestëmmt e Begrëff. Gegrënnt gouf se 1993 vun der Naturpark Kraidergenossenschaft Uewersauer“ als Fortsetzung vun enger LEADER-Initiative.
Zil war et déi vill einheimesch Planzen a Kraider, déi traditionell am Naturpark Uewersauer wuessen an och an all Baueregaard ze fanne waren esou ze notze fir e lokalen Téi kënnen ze produzéieren.
Haut liwwere 5 Baueren 12 Planze fir d’Hierstellung vu bal 20 verschiddenen Téizorten, wéi zum Beispill Brennnessel, Fenschel, Peffermënz oder Kamillen.
Eng richteg Lëtzebuerger Succes story.


E faire Präis fir de Bauer war der Genossenschaft vun Ufank u wichteg, genau sou wéi Kulturen ouni chemesch Düngemëttel a Pestiziden. Et gëtt och dorobber opgepasst, datt all d‘Téizorte glutefräi sinn.
De Charles Marx kann sech erënneren, datt déi nei lokal Téizorten och dofir gutt bei de Konsumenten ukomm sinn. „Mir produzéieren en héich qualitatiivt Produkt. Dat kënnt vun der sougenannte „Kalttrocknung“.
Mir dréchnen nämlech d’Planze bei nëmme 40 Grad Loftentfiichtung. Dat ass déi schounenst Method fir d’Planzen déi et gëtt. Esou behalen se hir Wäertstoffer an Inhaltsstoffer“, erkläert de Charles Marx. Dëst ënnerscheet den Téi vun der Uewersauer och vun industriell hiergestallten Téien.
„De lokale Konsument ass fir eis den A an den O. Mir hunn och dofir op d’Virléifte vun de Leit gelauschtert an esou ëmmer erëm nei Zorten op de Maart bruecht“, erzielt de Charles Marx.
Déi vill Téizorte kann een am Geschäft vum Haus vum Naturpark Uewersauer an am „Buttik vum Séi“ zu Heischent kafen, mä se hunn awer och schonn zanter laangem de Wee an d’Regaler vu ville Supermarchéen an och Apdikte fonnt.
Och an der Gastronomie ass den Téi vum Séi net méi ewechzedenken.

Firwat regional a saisonal akafen?
Wann een hei am Land lieft, soll een och d’Baueren aus der Regioun ënnerstëtzen, déi sech d’Méi gi fir no strenge Krittären héich qualitativ Produiten hierzestellen