Eis Baueren:

Op Besuch zu Rued

Christian Hahn

Ganzer 156 verschidden Zorte Kürbis baut de Christian Hahn op deem landwirtschaftleche Betrib un, den hie vu sengen Elteren iwwerholl huet. Vun Hand ginn d’Kürbissen op Bestellung geschnidden, gewäsch, gedréchent, verpaakt an etikettéiert. De Groussdeel gëtt un d’Cactus-Supermarchéë geliwwert, d’Cliente kënnen d’Kürbissen am September an Oktober allerdéngs och direkt um Haff kafen. Nieft dem fest ugestallte Mataarbechter sinn am spéide Summer an am Hierscht véier bis fënnef Saisonsaarbechter an der Kürbissrecolte beschäftegt. Zwee Mol an der Woch ginn d’Bestellunge fir de Supermarché zesummegestallt an ausgeliwwert, dat erfuerdert Planung a System.
An da kënnt d’Aarbecht bei de 60 Mammekéi an de 60 Mëllechkéi nach dobäi.
D’Fleesch verkeeft de Christian Hahn zum Deel iwwer Selbstvermaartung (Babybeef a Rëndsfleesch). D’Mëllech gëtt un d’Arla-Genossenschaft geliwwert. Niewent der Fleesch- a Mëllechproduktioun baut hie Weess, Geescht, Huewer, Triticale, Spelz a Mais un souwéi Eewäissplanzen, fir net souvill Eewäissfudder mussen ze importéieren. D’Käre ginn zum groussen Deel verkaf, de Rescht gëtt un d’Mëllechkéi verfiddert. De Spelz gëtt just fir d’Fiddere vun de Jongdéier genotzt. Ee weidert Standbeen vum Betrib ass d’Energieproduktioun iwwert eng Fotovoltaikanlag an eng Biogasanlag, an där de Christian Hahn Member ass.
De Bauer schafft gären an der Natur, mat der Natur a fir d’Natur, wéi hien et selwer formuléiert. 

„Ech kann dobausse schaffen a si mäin eegene Chef, egal wéi vill Virschrëfte vun uewe kommen.“ Dës Virschrëfte géifen net ëmmer eng Erliichterung vun der Aarbecht bedeiten an als Bauer géif ee bei Präisverhandlungen opgrond vum Drock um globale Marché gären iwwert den Dësch gezu ginn. Dat alles mécht him scho vill aus, mee d’Aarbecht an der Natur a mat den Déier mécht him ëmmer nach Freed.

Firwat léiwer regional akafen?

„Saisonale Produiten aus der Regioun de Virtrëtt ze ginn ass mat Bléck op de Klimawandel wichteg. Fir mech gëtt et och net op där enger Säit déi konventionell an op där anerer déi biologesch Landwirtschaft. Et gëtt just eng Landwirtschaft, déi muss kënnen an der Regioun iwwerliewen“, seet de Christian Hahn.

 „Déi schéinste Landschaften am Land existéiere jo nëmmen duerch d’Lëtzebuerger Landwirtschaft. Wann et déi mol eng Kéier net méi gi sollt, a mir all d’Liewensmëttel importéiere mussen, da gëtt et - iwwerspëtzt gesot - deier, dës Landschafte mat der Hëllef vun den Employéë beim Staat ze fleegen. D’Villfalt vun de Kulture gëtt duerch d’Kafentscheedung vun den Cliente bestëmmt. Oft gëtt kritiséiert, dass mir souvill Mais ubauen. Wann awer lo d’Nofro no Hanfueleg oder Sonneblummekären z. B. géif klammen, da géif dat eng Diversifizéierung vun de Kulture mat sech bréngen.“

Biodiversitéit an Insekte schützen, dat kann de Bauer nëmmen, wann de Client d’Liewensmëttel aus der Regioun schätzt an och keeft.

Weider Produzenten

entdecken