An der Schwéngszuucht vun der Famill Loutsch kommen all Joer 10.000 Fierkel op d’Welt. Ronn 1.500 Déiere ginn hei och gemäscht, déi aner Qualitéitsfierkel ginn un e Lëtzebuerger Maschtbetrib verkaf. Dat alles am Kader vun der „Marque Nationale Lëtzebuerger Schwéngefleesch“. Déi 300 produktiv Zuuchtsai vum Haff sinn a fënnef Gruppen agedeelt. All véier Woche gi 60 Sai gedeckt, déi da knapp véier Méint dono zesumme fierkelen. „Sou kréie mir déi vum Mäschter gefuerdert Fierkelgruppe vu 720 bis 800 Stéck zesummen“, seet de Claude Loutsch.
D’Schwäi fidderen a kontrolléieren hëlt all Dag dräi bis véier Stonnen an Usproch. En Aarbechtspensum, dee vun der Famill an engem Mataarbechter gemeeschtert gëtt. Op knapp 50 Hektar baut d’Famill Broutweess an och Energieplanze fir d’Kooperativ „Biogas Beckerich“ un, an där si schonn zanter 16 Joer aktiv Member ass.


Och wann him de Beruff vum Bauer eigentlech immens Freed mécht, sou ass de Claude Loutsch awer och heiansdo wéinst de Bedéngungen an den Ëmstänn, ënnert deenen hie schaffe muss, desillusionéiert. „Wéi ech virun 20 Joer no mengem Schoulofschloss an engem Stage am Ausland vun néng Méint als Bauer ugefaangen hu mat schaffen, wollt ech e Betrib opbauen, deen et engem och zu Lëtzebuerg erlaabt, en anstännegt Liewen ze féieren. Ech mengen, dat ass mir gegléckt, mä leider ass et duerch d’Oploen, déi stänneg wiesselen, d’Penurie vum Land an den Drock, deen doduerch entsteet, awer och duerch de Präisdumping vum Liewensmëtteleenzelhandel an eisem Beräich, praktesch net méi méiglech eng rentabel Schwéngsproduktioun ze bedreiwen“, suergt sech de Claude Loutsch.
Iwwerzeegt vun der gudder Haltung an der Qualitéit vu senge Schwäin – d’Resultat vun haarder Aarbecht, déi op sengem Haff geleescht gëtt – bitt de Claude Loutsch senge Clienten d’Fleesch och am Direktverkaf iwwer de „Fierkelshaff“ un. De positive Feedback vun den zefriddene Clientë motivéieren hie weiderzemaachen.
Firwat léiwer regional akafen?
Doduerch, datt de Client Fleesch aus der Regioun keeft, ënnerstëtzt hien d’Häff an och déi ugegliddert Handwierksbetriber, wéi d’Schluechthaus an de Metzler. „Wa Fierkel zu Lëtzebuerg gebuer, opgezunn a geschluecht ginn, da sinn d’Weeër kuerz a mir kënnen net nëmmen en héije Qualitéitsstandard vum Fleesch garantéieren, mä och d’Wuelbefanne vum Déier“, erkläert de Claude Loutsch.

An de klenge Lëtzebuerger Betriber wieren et keng bëlleg bezuelten Aarbechter, déi sech ëm d’Déiere këmmeren, mä gutt ausgebilte Mataarbechter an och ganz oft de Chef selwer. „D’Produktioun zu Lëtzebuerg ënnerläit strenge Gesetzer an Oploen, déi och kontrolléiert ginn. Doduerch gëtt se natierlech méi deier. Keeft de Client regional Liewensmëttel, suergt hien dofir, datt Aarbechtsplazen an der Regioun erhale bleiwen an d’Wuelbefanne vum Déier, wéi och den Ëmweltstandard, respektéiert ginn.“
D’Marque Nationale Lëtzebuerger Schwéngefleesch – d’Déiere ginn zu Lëtzebuerg gebuer, opgezunn a geschluecht – steet fir kuerz Weeër, de Respekt vum Wuelbefanne vum Déier a bescht Fleeschqualitéit vu Lëtzebuerger Baueren.