Eis Baueren:

Op Besuch zu Krautem

Eric Pesch

De Familljebetrib “An Hueff” zu Krautem gëtt schonns an der 5. Generatioun vun der Famill Pesch gefouert. De Betrib gëtt aktuell vum Eric Pesch a senger Mamm Marianne geréiert. Dem Eric säi Brudder Christophe an och nach aner Familljemembere paken awer reegelméisseg eng Hand mat u wann Nout um Mann ass. Mat ongeféier 120 Zuuchtsei bedreiwen si um Aussiidlerhaff Schwéngszuucht a Schwéngsmaascht an hunn sech och zanter e puer Joer op d’Direktvermaartung vum eegene Fleesch spezialiséiert. D’Famill Pesch huet dofir och an e klengt Schluechthaus mat Killkummer a Reecherraum direkt um Haff investéiert. “Um eegenen Haff kënnen ze Schluechten heescht keen Transportwee an esou och manner Stress fir d’Schwäin. Dat ass och am Sënn vum Déierewuel,” erkläert de Schwéngsbauer.

Ongeféier een Drëttel vun der Produktioun gëtt am klenge Buttek um Haff verkaf. “Hei kënne mir dem Client och déi néideg Informatiounen aus éischter Hand ginn. Mir kënne weise wou d’Schwäin hierkommen, wéi se gehale ginn a och geschluecht a veraarbecht ginn,” esou den Eric Pesch. “Fir eis Rieslingspaschtéit komme verschidde Cliente esouguer vu méi wäit bis bei eis,” ergänzt den Eric Pesch houfreg. Niewent dem Haffbuttek zu Krautem kann een d’Produite vun der Famill Pesch och beim de “Paniers de Sandrine” zu Mënsbech oder um Haff Muller-Lemmer zu Conter kafen.

Den Eric Pesch ass och zanter dem leschte Joer President vu Cochy, enger Associatioun déi sech ëm d’Promotioun vum Lëtzebuerger Schwéngefleesch këmmert. “De Marché vum Schwéngefleesch ass keen einfachen. D’Präisser ware jorelaang vill ze déif, esou datt een kaum rentabel schaffe konnt. Momentan sinn d’Präisser besser an et probéiert een d’Defiziter vun deene leschte Joren erëm opzefänken,” erkläert den Eric Pesch, deen och Comitésmember vun der Centrale Paysanne ass.

Firwat regional a saisonal akafen?

Wann d’Leit bei eis an de Buttek um Haff kommen, da wëssen se wou de Produit hierkënnt a vu wiem e gemaach gëtt. Dat gëtt dem Client Vertrauen.

Weider Produzenten

entdecken