Eis Baueren:

Op Besuch zu Rouspert

Georges Schiltz

An der Brennerei vu sengem Grousspapp goufen d’„Tudorsgeeschter“ zum Liewen erwächt. Am Betrib, deen elo de Georges Schiltz féiert, ginn d’Drëppen an d’Likören nach haut mat ale regionalen Uebstzorte gebrannt, déi a Bongerte ronderëm Rouspert wuessen. De Branntewäin aus Mirabellen, Bieren oder Quetsche gehéiert zesumme mat de Wäiner an de Jusen zum Häerzstéck vum Betrib. Parallel zu sengem Wäibau- an Önologie-Studium un der Héichschoul Geisenheim huet de Georges Schiltz mat der Aarbecht am Wäibierg an der Hierstellung vun de FRU-Wäiner ugefaangen. Hien huet de Clos de la Joie zu Rouspert iwwerholl an no an no koumen du Wäibierger am Palmberg zu Ohn, am Felsberg zu Wëntreng an e Wäibierg zu Trittenheim (D) derbäi. „Mir baue Wäin op véier verschidde Biedem un: Muschelkalk, Dolomit, Gipskeuper a Schifer. 

Eis Philosophie ass et, déi verschidden Terroiren an d’Vilfalt vun der Regioun an d’Fläschen ze bréngen“, seet de Georges Schiltz. Seng Produite verkeeft hie virum allem op Mäert, d’Clientë kënnen awer och per E-Mail oder iwwer Facebook bestellen oder awer direkt an d’Kellerei zu Rouspert oder d’Kelterei zu Ohn kommen. De gréissten Deel vun der Produktioun gëtt also iwwer Direktvermaartung verkaf, mee et fënnt een d’Drëppen, d’Wäiner an d’Jusen och a klenge lokale Geschäfter. U senger Aarbecht gefält dem Georges Schiltz, datt hie vun der Fleeg vun de Wäiriewen an den Uebstbeem bis zum fäerdege Produit alles an der Hand huet an deen dann am direkte Kontakt dem Client ka weiderginn. „Ech gesinn, wie meng Produite konsuméiert, a wa meng Wäiner a mäi Branntewäin op Familljefester gedronk ginn, da freeën ech mech natierlech mat.

Et motivéiert mech och, e Produit mat der beschtméiglecher Qualitéit hierzestellen, an dofir sinn natierlech irreprochabel Inhaltsstoffer ausschlaggebend. Et ass net méi selbstverständlech, datt an engem Jus keng Zousazstoffer dra sinn, an ech si frou, datt ech reng Uebstjusen ubidde kann“, sou de Georges Schiltz. „D’Besëtzer vu Bongerte kënnen hir Äppel och bei mir presse loossen. Dat dréit dozou bäi, datt d’Bongerten an eiser Regioun erhale bleiwen.“

Firwat léiwer regional akafen?

An der Regioun akafe bréngt vill positiv Nieweneffekter, däers ass sech de Georges Schiltz sécher.

„Mir präge mat eiser Produktioun d’Landschaftsbild. De Konsument profitéiert dovun, datt mir nobäi sinn, well sou eng grouss Transparenz erméiglecht gëtt an hien e frësche Produit vu gudder Qualitéit kritt. Zu Lëtzebuerg ginn et nach vill Familljebetriber, an deenen een een direkt uschwätze kann, fir ze wëssen, wéi de Produit hiergestallt gëtt a wat dran ass.“

Regional akafe schaaft eng Win-Win-Situatioun: Doduerch gëtt d’Aart a Weis, wéi mir d’Liewensmëttel hierstellen, ënnerstëtzt an de Konsument huet de Virdeel vun héichwäertege Produiten.

Weider Produzenten

entdecken