Fir d’Produktioun vu kalgepressten Ueleger bauen d’Membere vun der Ueliggenossenschaft Eisleck an Naturpark Ourdall Raps, Hanf, Sonneblummen, Mohn a Läin un. „Jidderee vun eise sechs Baueren huet sech op den Ubau vun enger bestëmmter Zort Kären spezialiséiert“, seet de Norbert Eilenbecker, Präsident vun der Bauereninitiativ fir d’Eisleck an den Naturpark Ourdall a Member an der Ueliggenossenschaft. Säi Neveu Jempi Eilenbecker ass amgaang, den Haff zu Kaalber ze iwwerhuelen, wou d’Produktiounsanlagen stinn. Hei ginn d’Käre gedréchent, gebotzt a gelagert.
„Mir hunn d’Lagerkapazitéit nach ausgebaut, sou datt mer op mannst fir eent Joer Kären op Stock hunn. Dat heescht, wann d’Recolte géing donieft goen, da bräichten eis Cliente net ze fäerten, datt se keen Ueleg méi kréien.“


Sou séier wéi de Konsument den Ueleg brauch, ginn d’Käre kal gepresst, gefiltert an agefëllt. „Déi Kären wuessen hei am Naturpark Our a ginn och hei verschafft. Mir ginn déi net aus der Hand.” De Kuch, deen iwweregbleift, wann den Ueleg aus de Käre raus ass, ass wäertvollt Fudder fir d’Notzdéier. „Dat ass ee ganz héichwäertegt Eewäissfudder, d’Membere vun eiser Genossenschaft brauche praktesch kee genmanipuléierte Soja bäizekafen“, erkläert de Norbert Eilenbecker.
„Mir kënnen also net nëmmen an der Produktioun, mee och an der Fidderung de Krees geschlossen halen, well mer ebe quasi näischt vu bausse mussen akafen.“
D’Kulture vun de Baueren an der Genossenschaft hunn ee weidere positiven Effekt op d’Déier an d’Natur: „Dat si Bléien, déi vun den Insekten an de Beie ganz gär besicht ginn. Fir d’Lëtzebuerger Imker ass de Raps eng vun de wichtegste Planze fir d’Hunnegproduktioun.“
Déi Ourdaller Ueleger gi bei Grousshändler, a Supermarchéen an a méi klenge Butteker verkaaft. Och am Haffbuttek zu Kaalber.
Dobäi kënnt, dass de Client ëmmer ka kucke goen, wou déi Saachen, déi bei him op den Teller kommen, wuessen a produzéiert ginn. Informatiounen iwwert déi aner Produkter, déi vun den Ourdaller Baueren hiergestallt respektiv veredelt ginn fënnt een hei.

Firwat léiwer regional akafen?
Mam Kaf vu Liewensmëttel aus regionaler Produktioun ënnerstëtzt de Client d’Bauere vun hei. An et si jo d’Bauere vun hei, déi d’Natur fir eis all an der Riicht halen.