Der Laurence Duhr hir Aarbechtsplaz sinn d’Wéngerten: Zesumme mat de Mataarbechter vum Gutt „Château Pauqué“ mat Sëtz zu Gréiwemaacher exploitéiert si 10 Hektar Riewe verdeelt iwwer véierzeg Kilometer, wärend hire Papp Aby Duhr sech ëm d’Produktioun an der Kellerei këmmert. D’Drauwe wuessen op Muschelkallek, Tounmergel a Sandsteen, wat de Wäiner dee besonnesche Charakter gëtt. Si stamen zum Deel vu Riefstäck, déi schonn 1939 geplanzt goufen, an d’Gärung geschitt duerch Hiefzorten, déi ganz natierlech am Wéngert an am Keller virkommen.


„Ech liewen a schaffen am Rhythmus vun de Riewen“, seet d’Laurence Duhr. „Ech sinn, wat d’Fleeg vun de Riefstäck ugeet, komplett ofhängeg vum Wieder an dem Entwécklungsstadium vun de Planzen.“ Et ass dës Aarbecht am Aklang mat der Natur, déi si all Dag fir hir Aufgabe motivéiert. Am Wanter ginn d’Riewe geschnidden, dann ugebonnen an op déi nei Schëtz virbereet. Am Fréijoer fänkt d’Bléi un, am Summer ginn d’Schëtz ausgedënnt. „Am Hierscht ass d’Lies, zu dësem Zäitpunkt maachen ech d’Selektioun vun de gesonden Drauwen a suergen derfir, datt se an de Keller kommen, wou se gepresst ginn an d’Maisch an d’Tanke gefëllt gëtt“, erkläert d’Laurence Duhr.
Firwat léiwer regional akafen?
„Mir hunn all eng Verantwortung a gi bei all Produkt, dat mir kafen, eis Stëmm of fir eng bestëmmten Originn an Aart a Weis, wéi produzéiert gëtt.“ Esou huet all Konsument en direkten Afloss op de Klimawandel. Méi kuerz Transportweeër hunn e positiven Afloss op d’Qualitéit vun Uebst, Geméis a Fleesch, an dat gëllt och fir de Wäin.
Ob d’Regiounen, hir Kulturlandschaften a charakteristesch Produktiounen erhale bleiwen, dat hänkt vun der Ënnerstëtzung duerch d’Konsumenten of.

„Iwwer d’Produkter aus der Heemecht kann een d’Regioun nei kenne léieren, se anescht erliewen, e Bezuch zu senger Ëmwelt entwéckelen a sech erëm dru gewinnen, datt alles seng Zäit, seng Saison huet.“ An Zäite vun der Globaliséierung ass et méiglech, Wäin aus Australien zum Beispill fir dräi Euro d’Fläsch ze kafen. „Wann een dat allerdéngs hannerfreet, kënnt ee schnell zum Schluss, datt deen net zu faire Bedingunge konnt produzéiert ginn. Dobäi sollt all Produzent vun engem gerechten Handel kënne liewen. An duerfir gi Konsumente gebraucht, déi dat mat hirer Kafentscheedung ënnerstëtzen“, seet d’Laurence Duhr.
Et sollt ee global denken a beim Konsum lokal resp. regional Produzenten ënnerstëtzen.