Eis Baueren:

Op Besuch am Pafendall

Marc Jacobs

Beroder fir solidaresch Landwirtschaft am Oekozenter

Eng Méiglechkeet, Liewensmëttele regional ze produzéieren an ze verkafen, ass déi solidaresch Landwirtschaft (Solawi). Duerch si bleift d’Wäertschëpfung an der Regioun. De Client finanzéiert net déi eenzel Liewensmëttelen, ma d’Landwirtschaft u sech. „Solidaresch Landwirtschaft bedeit en opgedeelte Risiko. Eng Grupp vu Konsumente bezilt engem Bauer oder Gäertner eng fix Zomm a kritt duerfir d’Recolte. De Produzent huet esou e geséchert Akommes a kann, onofhängeg vum Drock vun de Präisser um Weltmaart a schlechte Recolten opgrond vun de Wiederverhältnisser, frësch Liewensmëttele produzéieren“, erkläert de Marc Jacobs.

D’solidaresch Landwirtschaft huet vill Virdeeler fir d’Ëmwelt: D’Transportweeër si kuerz, et fält kaum Verpackungsmaterial un an et gëtt keen Uebst oder Geméis ewechgehäit, well alles verschafft gëtt, och dat, wat aus der Form geroden oder getéitscht ass. „Zu Lëtzebuerg gëtt de Modell vun der solidarescher Landwirtschaft bis ewell virun allem am Beräich vum Geméis ëmgesat. Do funktionéieren déi aktuell Solawie meeschtens op enger relativ klenger Fläch, mat héijem Ertrag a gläichzäiteg enger enormer Villfalt. Datt esou vill Zorte Geméis ugeplanzt ginn, ass och gutt fir d’Biodiversitéit“, sou de Marc Jacobs. D’Aarbecht an engem Solawi-Betrib gëtt zudeem zum gréissten Deel net maschinell, ma vun Hand erleedegt. Ganz nom Motto: Zeréck zu de Wuerzelen.

Firwat léiwer regional akafen?

„Mir hunn zu Lëtzebuerg en héije Qualitéitsstandard fir d’Liewensmëttelproduktioun, deen och reegelméisseg kontrolléiert gëtt. Dat ass baussent der EU net onbedéngt de Fall“, seet de Marc Jacobs.

„De Konsument gesäit eemol d’Woch de Produzent a ka mat him iwwer d’Liewensmëttelen an hir Produktioun schwätzen. Méi Transparenz geet net.“

Eng Solawi ass net op eng Maximéierung vum Ertrag aus a ka fräi vu maartwirtschaftleche Contraintë produzéieren. Doduerch kann ee ganz anescht mat de Kulture schaffen. 

 

De Solawi-Bauer planzt och dacks traditionell Uebst- a meeschtens „samenfest“ Geméiszorten un, déi der Regioun an dem Klima ugepasst an domat ganz robust sinn. Dat alles huet natierlech en Afloss op de Goût vun de Produkter.

De Konsument kritt duerch déi solidaresch Landwirtschaft en anere Bezuch zu senge Liewensmëttelen.

En ass sech bewosst, wat se (net nëmmen u Suen) kaschten, a weess hire Wäert ze schätzen. E puer Produzente bidden de Modell vum Selwerrecoltéieren un, op déi Manéier kann de Konsument säi Wëssen iwwer d’Fleeg vu Buedem a Kultur erweideren.

An der solidarescher Landwirtschaft kënnt et zum reegelméissegen Austausch tëschent Konsument a Produzent. Méi Transparenz geet net.

Weider Produzenten

entdecken