Eis Baueren:

Op Besuch zu Beyren

Marc Rollinger

Op sengem Haff zu Beyren hält de Marc Rollinger virun allem Schwäin a Mammekéi. D’Schwéngefleesch gëtt fir d’Marque nationale produzéiert, dat heescht d’Fierkel ginn hei am Land gebuer, opgezunn a geschluecht. Wat d’Kéi ugeet, do hält hien Limousins a Black Angus. D’Limousins sti méi no beim Haff – si hu méi een duerchdriwwene Charakter. D’Black Angus dogéint sinn ëmgänglech an eegene sech besonnesch gutt fir eng extensiv Beweedung, fir Gréngland ze verwäerten. „Déi eng Säit hu mir ee Vulleschutzgebitt, déi aner Säit ee Waasserschutzgebitt an dee ganze Widdebierg ass am Naturschutzgebitt. Dat sinn dann och déi Plazen, wou mir d’Black Angus stoen hunn, vun deenen een Deel an der Ganzjoresbeweedung sinn“, seet de Marc Rollinger.
„Mir maachen an eiser Produktioun de Krees zou, schaffe souzesoen an engem zouene System“, erkläert hien. Dat bedeit ënnert anerem, dass d’Véi dat ze friesse kritt, wat um Haff ugebaut gëtt, an dat wat feelt, gëtt vun anere Betriber, déi no bäi sinn, akaaft. Dat Element, wat effektiv de Krees zou mécht, ass d’Selbstvermarktung. „Een Deel vun der Produktioun, virun allem d’Fleesch vun de Black Angus, well déi Demande grouss ass, verkafe mir an eisem Haffbuttek an an eisem Self Service-Automat zu Uewerdonven – ënnert dem Numm ,Liewensmëttel vum Bauerenhaff‘. Fir dem Client méi ee grousst Sortiment unzebidden, hu mir do och Grompere vun der Schanz, Eeër vu fräilafenden Hénger an Hunneg vum Beiemann aus dem Duerf.“ Dem seng Beien sammele Pollen am Raps, den de Marc Rollinger ubaut, an an de Bléisträifen, déi hien laanscht senge Felder uleet.

Firwat léiwer regional akafen?

„Mir kënnen eise Clienten soen, wéi eis Liewensmëttel hiergestallt ginn an hinnen och op hier Froen äntweren. Dofir sti mir jo och selwer am Haffbuttek hannert der Théik. Mir leeë Wäert op Transparenz a sichen och den direkte Kontakt mam Client. Regional akafe bedeit kuerz Transportweeër, wat besonnesch beim Véi eng grouss Roll spillt. D’Déierewuel ass eis all wichteg; souwuel eis als Produzent wéi och dem Client als Konsument. Dofir leeën ech grousse Wäert drop, datt all Produit, op deem mäin Numm steet, och qualitativ héichwäerteg ass“, seet de Marc Rollinger. Fir datt déi Qualitéit och sou laang wéi méiglech garantéiert ass, dofir dréit och de Client een Deel vun der Responsabilitéit: Hie muss Uecht ginn, datt d’Killkette beim Fleesch um Wee vum Haffbuttek Heem an de Frigo net ënnerbrach gëtt. Dofir soll en am beschten eng Killtäsch matbréngen.

Dofir leeën ech grousse Wäert drop, datt all Produit, op deem mäin Numm steet, och qualitativ héichwäerteg ass

Weider Produzenten

entdecken