Eis Baueren:

Op Besuch zu Stackem

Marthe Bourg

Um Mëllechvéibetrib vun der Famill Bourg schaffen dem Marthe seng Elteren, d’Carine an de Claude, esou wéi säi Brudder, de Pol, deen de Betrib enges Daags wäert iwwerhuelen. D’Marthe war an der Akerbauschoul an huet dono Landwirtschaft an Ëmwelt zu Bingen studéiert. Hatt ass zanter 2022 Co-Presidentin vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a vertrëtt do op sëllege Manifestatiounen d’Interête vun de jonke Baueren zu Lëtzebuerg. “Wann ee Jonken e Betrib iwwerhëlt, dann iwwerleet hie fir d’éischt ob en de Betrib esou soll weiderféiere wéi e momentan leeft oder ob e muss eppes änneren. Egal wéi muss dat Ganzt herno finanziell opgoen”, erkläert d’Marthe Bourg.

 

De Familljebetrib zu Stackem huet 100 ha Aker- a Gréngland an eng 100 Mëllechkéi. Um Gréngland ka genuch Fudder produzéiert gi fir d’Kéi ze fidderen ouni eppes bäizekafen. Den Iwwerschoss gëtt verkaaft. Um Akerland fënnt een niewent Weess, Raps a Mais och e puer Hektar Setzgromperen. “Eis Kéi sti vun Abrëll bis Oktober/November op der Weed”, erzielt d’Marthe houfreg. D’Famill Bourg huet kee Melkroboter. Bei hinne ginn d’Kéi zweemol den Dag am Sträichstand gestrach. D’Mëllech vum Betrib geet bei d’Arla.

 

“Ech denken, datt d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg eng Zukunft huet well d’Leit wäerte jo ëmmer eppes z’iesse brauchen!” seet d’Marthe Bourg wann et iwwert de Stellewäert vum Secteur nodenkt. “Ech schaffe gären um Betrib. Et ass een ëmmer dobaussen, et schafft ee mam Véi an der Natur, dat gefält mer. En plus kann ee säin Dag selwer organiséieren”, esou d’Presidentin vun der LLJ.

 

Firwat regional a saisonal akafen?

D’Leit solle regional akafe wëll se esou eis Lëtzebuerger Landwirtschaft ënnerstëtzen a se och wëssen, wou et hierkënnt.

Weider Produzenten

entdecken