Eis Baueren:

Op Besuch zu Bäerdref

Monique Schmalen

Moies um 6 geet d’Monique Schmalen d’Mëllech vun den Déiere vum Haff vun der Famill, dem Hammhaff, dee vun hirem Brudder Patrick a senger Fra Anne geféiert gëtt, sichen a bréngt se an d’Kéiserei zu Bäerdref. Virun zwee Joer huet si de Betrib vun hiren Elteren iwwerholl a féiert en elo mat hirem Mann, dem Jan. Säit 1984 gëtt do Kéis hiergestallt, aacht Joer méi spéit koume Jugurt a Stoffi derbäi, spéiderhi Geessekéis a Glace.

Ronn 180 Geessen a 70 Kéi ginn um Hammhaff gehalen an hir Mëllech gëtt komplett an der Kéiserei zu Bäerdref verschafft. Wa mol eng Kéier net esou vill Mëllech wéi gewinnt do ass, well zum Beispill d’Geesse Jonger kruten an hir Mëllech fir d’Bëtschele gebraucht gëtt, fält d’Produktpalett deementspriechend méi kleng aus. Siwe Mataarbechter sinn an der Kéiserei ugestallt a pro Dag ginn 250 Kilo Kéis hiergestallt.

Soubal d’Mëllech an der Kéiserei ukomm ass, gëtt se pasteuriséiert, an da fänkt déi eigentlech Kéishierstellung un. Dëse Prozess dauert plus minus fënnef Stonnen. No der Mëttespaus ginn d’Bestellunge fäerdeg gemaach, fir un d’Geschäfter, Restauranten, Altersheemer a Maison-relaisen ausgeliwwert ze ginn. Am Buttek niewent der Kéiserei verkeeft d’Famill Schmalen och direkt u Privatclienten.

D’Mëllech, sou wéi se vun den Déiere kënnt, ass e Naturprodukt, a jee no Saison ass hir Zesummesetzung natierleche Schwankungen ënnerworf. Am Summer, wann d’Kéi op der Weed sinn, enthält hir Mëllech beispillsweis manner Fett wéi am Wanter. Doduerch gëtt d’Hierstellung vu Produkter mat där selwechter Konsistenz zu enger Erausfuerderung. Dofir gëtt dann entweder den Hierstellungsprozess oder d’Rezeptur ugepasst.

Firwat léiwer regional akafen?

„Fir mech ass et am wichtegsten, dass d’Clienten direkt bei eis an der Kéiserei kënne laanschtkommen. Sie wësse genee, dass d’Mëllech vun deene Kéi kënnt, déi si bei eis op der Weed gesinn, an dass se bei eis verschafft gëtt, an dat ouni Zousazstoffer.“
"D’Clientë gesinn, wou d’Mëllechprodukter hiergestallt ginn, a kënnen drop vertrauen, dass se gutt sinn."

Weider Produzenten

entdecken