Um Haff vun der Famill Ludivig zu Holler goufe schonn ëmmer Mëllechvéi gehalen a Gromperen ugebaut. Säit 2009 féiert den Nico Ludivig de Betrib an 2018 huet hie sech op den Ubau vu Geméis spezialiséiert: 22 Hektar Ënnen, 12 Hektar Muerten, 5 Hektar Gromperen, 3 Hektar Rout Rommelen. Do derbäi komme 60 Kéi, déi versuergt a gestrach musse ginn. Zesumme mat senger Fra Nancy mécht den Nico all Dag d'Aarbecht um Haff a wärend der Recolte péckt déi ganz Famill eng Hand mat un.
De gréissten Deel vu senger Wuer verkeeft den Nico Ludivig un ee Grousshändler an ee lokale Supermarché. Et konnt ee schonn ëmmer direkt bei hinnen um Haff kafen, an am Februar 2022 hunn den Nico an d'Nancy hiren eegenen Haffbuttek opgemaach.


„Virun allem d'Clienten hunn ëmmer rëm gefrot, firwat mir kee klengt Geschäft géifen opmaachen. Et war eis wichteg, de Clientë kënne fest Ëffnungszäiten unzebidden“, sou den Nico Ludivig.
Am Haffbuttek bidde si Geméis aus eegenem Ubau, Mëllechproduite vun der Luxlait, Hunneg vum Beienziichter aus dem Nopeschduerf, Fleesch vum Produzent aus der Regioun. „Mir wëllen d'Sortiment no an no mat Liewensmëttele vergréisseren, déi souwäit ewéi méiglech zu Lëtzebuerg produzéiert ginn.
Dofir schaffen ech mat Kolleegen zesummen, déi aner Geméiszorten ubaue bzw. aner Liewensmëttelen hierstellen“, erkläert den Nico Ludivig a seet, datt den Haffbuttek ganz gutt bei de Clienten ukënnt.
Iwwerhaapt huet hie wärend der Corona-Pandemie festgestallt, datt d'Clienten ëmmer méi Iesswueren aus regionaler Produktioun kaaft hunn. „Vill vun hinne sinn dobäi bliwwen an hu léiwer lokal Produiten“, sou den Nico Ludivig. Op der Facebook-Säit vun der Famill steet „Geméis van Holler - Regional statt Global“. Wat si fir hien dann d'Virdeeler?

Firwat léiwer regional akafen?
D'Produiten aus der Regioun sinn einfach méi frësch wéi importéierter. Eis Clientë soen och, datt se besser schmaachen
seet den Nico Ludivig an erkläert, datt hien zwar wuel konventionell Landwirtschaft bedreift, awer sou mann wéi méiglech Planzeschutzmëttelen asetzt.