Eis

Baueren

Op Besuch zu Amber

Frësch Mëllech direkt vun der Kou kann ee mëttlerweil bei siwe Bauere kafen, déi e Mëllechautomat op hirem Haff installéiert hunn.

Op Besuch zu Bäerdref

Moies um 6 geet d’Monique Schmalen d’Mëllech vun den Déiere vum Haff vun der Famill, dem Hammhaff, dee vun hirem Brudder Patrick a senger Fra Anne geféiert gëtt, sichen a bréngt se an d’Kéiserei zu Bäerdref.

Op Besuch zu Rouspert

An der Brennerei vu sengem Grousspapp goufen d’„Tudorsgeeschter“ zum Liewen erwächt. Am Betrib, deen elo de Georges Schiltz féiert, ginn d’Drëppen an d’Likören...

Op Besuch zu Rued

Ganzer 156 verschidden Zorte Kürbis baut de Christian Hahn op deem landwirtschaftleche Betrib un, den hie vu sengen Elteren iwwerholl huet.

Op Besuch zu Huewel

An der Schwéngszuucht vun der Famill Loutsch kommen all Joer 10.000 Fierkel op d’Welt. Ronn 1.500 Déiere ginn hei och gemäscht, déi aner Qualitéitsfierkel...

Op Besuch zu Dippech

Déi meeschten Zäit vum Joer stinn déi ronn 45 Mëllechkéi, 30 Ranner, 15 Kaalwer an de Stéier vum Biohaff Witry op de Weede ronderëm de Betrib.

Op Besuch zu Huldang

Den Aarbechtsdag um Bauerenhaff vun der Famill Siebenaller zu Huldang fänkt moies um 6 Auer un. D’Kim, wat de Betrib mat sengem Mann a sengen...

OP BESUCH ZU Koler

Hénger, déi Eeër leeën, an d’Hale vu Mammekéi vun der Rass Limousin sinn d‘Haaptpiliere vum Haff, deen d‘Lynn, de Bob an de Pol Jemming mat der Ënnerstëtzung vun hiren Eltere Marie-Antoinette a Jean-Marie an drëtter Generatioun féieren...

OP BESUCH ZU Baastenduerf

D’Eeërproduktioun um „Meyrishaff“ zu Baastenduerf ass Handaarbecht. All Moie ginn d’Eeër, déi vun den Hénger gréisstendeels an d’Nascht geluecht ginn, vun Hand...

Op Besuch zu Gréiwemaacher

Der Laurence Duhr hir Aarbechtsplaz sinn d’Wéngerten: Zesumme mat de Mataarbechter vum Gutt „Château Pauqué“ mat Sëtz zu Gréiwemaacher exploitéiert si 10 Hektar Riewe verdeelt iwwer véierzeg Kilometer, wärend hire Papp Aby Duhr sech ëm d’Produktioun an der Kellerei këmmert...

Op Besuch am Pafendall
Beroder fir solidaresch Landwirtschaft am Oekozenter

Eng Méiglechkeet, Liewensmëttele regional ze produzéieren an ze verkafen, ass déi solidaresch Landwirtschaft (Solawi). Duerch si bleift d’Wäertschëpfung an der Regioun...

Op Besuch zu Pënsch

Mueres fréi kuckt den David L’Ortye fir d’alleréischt no senge Limousin-Ranner. Säi Betrib zu Pënsch ass spezialiséiert op d’Zuucht vu Mammekéi a gëtt intensiv bewirtschaft...

#regionalsaisonal

Jughurt a Mëllech, Äppel an Zalot, Kéis an Ham, Eeër a Miel, Hunneg a Rapsueleg ... d’Auswiel un heemesche Liewensmëttel ass grouss. Mee wéi eng Iesswuere kommen aus der Regioun a wéi gi se hiergestallt? Bauere vun Heiheem ginn een Abléck an hier Aarbecht an an d’Produktioun vun héichwäertege Liewensmëttel.