Eis Baueren:

Op Besuch zu Äischer

Pol Fischbach

Um Bio-Haff vun der Famill Fischbach zu Äischer gëtt Bio-Geméis ugebaut. D’Annick an de Roland Fischbach hunn de Betrib 1996 gegrënnt. Hire Bouf, de Pol wäert de Familljebetrib a Kierzt iwwerhuelen. Wa vill Aarbecht ass, pékt, niewent den 3 fest ugestallten Aarbechter an dem Léierbouf, d’ganz Famill eng Hand mat un, woubäi dem Pol seng Bomi mat hiren 90 Joer nach all Dag um Betrib ass. Um Bio-Haff gi Gromperen, Muerten, rout Rommelen, Ënnen, Schallotten, Pastinaken a Wuerzelpéiterséileg produzéiert. “D’Gromperen an d’Muerte sinn eis d’Standbeen. Mir passen eis Zorten och dem Goût vun de Konsumenten un. Gëtt eng Gromperenzort manner verkaf, esou ginn där d’Joer drop manner ugebaut”, erkläert de Pol Fischbach. 
Bio-Geméis ubauen ass eng grouss Erausfuerderung. Well ouni Pestiziden an ouni chemesch-syntheetesch Düngere geschafft gëtt, muss d‘Onkraut mechanesch gekappt ginn. Dëst geschitt an ee puer Aarbechtsgäng. Well d’Maschinnen awer net iwwerall drukommen, bleift bei bal kenger Kultur d’Handaarbecht aus. Bei engem Hektar Muerte stiechen zum Beispill tëschent 200-800 Stonnen Handaarbecht um Feld dran. Dës variéiere jee no Onkrautdrock. “An engem Bioproduit stécht relativ vill Handaarbecht dra bis en herno beim Konsument um Teller läit. Awer Schaffen an dëser Form mat der Natur bréngt Zefriddenheet!” esou de jonke Biobauer.
De Bio-Haff mécht och zanter e puer Jore beim Schouluebst- a Geméisprogramm vum Landwirtschaftsministère mat a produzéiert Muerte just fir d’Schoulkanner. “Mir gesinn dee Programm ganz positiv well et ass schonn eng immens grouss Chance fir de Kanner d’Muerte méi no ze bréngen. Eng Muert ass net gläich eng Muert. Et gi ganz verschidde Geschmaacher a mir probéieren och Zorten déi méi e séissleche Goût hunn an de Kanner dann och besonnesch gutt schmaachen,” erkläert de Pol Fischbach. Geméis vun der Famill Fischbach fënnt een an deene meeschte Geschäfter hei am Land. “Fir eppes géint Liewensmëttelverschwendung ze maachen, schaffe mir ënner anerem mat Onperfekt zesummen, déi eemol d’Woch dat Geméis siche kommen, wat net den Norme vum Commerce entsprécht”, ergänzt de Pol Fischbach.

Firwat regional a saisonal akafen?

Déi schounenst Form vu Landwirtschaft fir d’Biodiversitéit ze stäerken an Natur ze erhalen, ass d‘Bio-Landwirtschaft. Ass et dann och nach regional a saisonal, ëmsou besser.

Weider Produzenten

entdecken