Mat enger Häerd vu 40 Ostfrisesch Mëllechschof hunn d’Tanja Conter an hier Schwéiermamm Fernande Conter-Lehners éischt Erfarungen an der Schofhaltung gemaach. Fréier war hiren Haff zu Weiler zum Tuer ee renge Mëllechkéibetrib. Den Alain a seng Fra Tanja Conter hunn als Quereinsteiger den Haff vun de Grousselteren iwwerholl, haut halen si do 150 Schof an och rëm Mëllechkéi. D’Fréijoer, de Summer an nach am Ufank vum Hierscht weeden d’Schof op de Wise vun der Schéiferei An Dottësch. Fir d’Fernande an d’Tanja Conter war et vun Ufank u kloer, datt si eppes Extraes maache wollten: an zwar Jughurt a Glace aus Schofsmëllech. „D’Mëllech vun de Schof ass gesond an eng gutt Alternativ fir Leit, déi d’Mëllech vun de Kéi net gutt verdroen“, seet d’Fernande Conter-Lehners.


Si hu sech allen zwee an de Verband für handwerkliche Milchverarbeitung an Däitschland gemellt a sinn do a Formatioune gaangen wou si geléiert hunn, aus Koumëllech Kéis a Glace ze maachen. „Heiheem hu mir eis dunn druginn, fir och aus Schofsmëllech Kéis, Glace a Jughurt hierzestellen“, erzielt d’Fernande Conter. Schratt fir Schratt hu si hier Rezepter verbessert: „Zum Beispill ass an deene meeschte Glace Magermilchpulver dran. Mir wollten awer onbedéngt ee Produit ubidden, an dem nëmme Schofsmëllech ass, also hu mer no engem anere Bindemittel gesicht. D’Schofsmëllech huet och méi Fett, dofir brauche mir keng Ram an d’Glace ze maachen.“
D’Uebst fir an d’Glacen a Jughurte kënnt entweder aus hirem eegene Bongert (Mirabellen, Quetschen, Äppel), hirem Gaart (Rubbarb), vun der Famill (Hammbier a schwaarz Kréischelen) oder vu lokale Betriber (Äerdbier an Hielennerbléien). „Mir si frou, dass mir Produite vun Heiheem kënne verschaffen. An eise Liewensmëttel si keng Aromaen a keng Faarfstoffer“, seet d’Fernande Conter-Lehners, déi dat och als gudde Grond fir d’Clientë gesäit, regional a saisonal hiergestallten Iesswueren ze kafen.

Mir si frou, dass mir Produite vun Heiheem kënne verschaffen. An eise Liewensmëttel si keng Aromaen a keng Faarfstoffer.