Eis Baueren:

Op Besuch zu Kolpech

Thierry Garlemant

D’Lëscht vun de Geméiszorten, déi den Thierry Garlemant zesumme mat senger Frëndin an der Cooperative „Koulbicher Uebst a Geméis“ ubaut, ass laang: Tomaten, Paprika, Kornischongen, Auberginnen, Courgetten, Muerten, Knuewelek, Ënnen, Poretten, Zaloten, Kolrawen, Choufleur, Brokkoli, rouden a wäisse Kabes, Gromperen, Kürbissen, Melounen a Séissgromperen. Wat Uebst ugeet, kommen nach Äerdbier dobäi. D’Produktioun ass am Fräilandubau an am Folientunnel, jee no Zort.

De Geméisbauer verkeeft seng Wuer direkt un de Client: a sengem Buttek an der Mayrischstrooss zu Uewerkolpech, am mobile Buttek den zu Gréiwels steet (a Richtung Hierheck op där rietser Säit) an am Buttek vu Fleurs Binsfeld zu Ierpeldeng op der Sauer. Den Thierry Garlemant huet och ëmmer ee Stand um Maart zu Rammerech, den eng Kéier am Mount ass. Doriwwer eraus gëtt een Deel vun der Produktioun u Kantinne vu Maisons Relais a Crèche geliwwert souwéi u Restauranten.

„D’Koulbicher Uebst a Geméis ass direkt gutt bei de Leit ukomm. Mir kréie vun eise Clientë positiv Réckmeldungen“, seet den Thierry Garlemant. Dat grousst Potential am Geméisbau huet hien dozou motivéiert, en zu sengem Beruff ze maachen. „Mir hu kleng ugefaangen a si séier méi grouss ginn, mee et ass natierlech alles net sou einfach, wéi een sech dat virstellt.“ Zu de gréisste Schwieregkeeten am Geméisbau zu Lëtzebuerg zielt hien d’Wieder: „Fir de Kabes war et gutt, dass et lo vill gereent huet. Mee fir d’Äerdbier wier et besser gewiescht, et wier nach dräi Wochen dréche bliwwen.“

Firwat léiwer regional akafen?
De Krich an der Ukrain weist, wéi ofhängeg d’Liewensmëttelproduktioun an engem Land, an och d’Versuergung domat, vun der politescher Lag an anere Länner ass. Dat ass Grond genuch, fir déi lokal Baueren ze ënnerstëtzen. Dobäi kënnt, dass d’Produktioun zu Lëtzebuerg méi streng kontrolléiert gëtt, wéi dat a villen anere Länner de Fall ass, och dat ass een Argument, fir Liewensmëttel déi regional a saisonal ugebaut an hiergestallt ginn, ze kafen

Weider Produzenten

entdecken