Gromperen aus dem Éislek, Äppel aus Lëtzebuerg: Jee no Produkt a Joreszäit gëllen ënnerschiddlech Distanze fir e regionaalt Liewensmëttel. Et ass net sënnvoll, d’Transportweeër op eng bestëmmte Kilometerzuel ze fixéieren.
„Regional“ ass deemno net prezis festgeluecht a gesetzlech net definéiert. Grondsätzlech schwätzt ee vu regionale Liewensmëttelen, wann déi bannent enger begrenzter Regioun hiergestallt, verschafft a vermaart ginn.
Et schuet also net, den Händler ze froen, wouhier d’Produkter stamen, déi a sengem Buttek verkaaft ginn, a wéi eng Krittäre fir déi als „regional“ ugebuede Liewensmëttele gëllen.
Regional gläich lokal?
Regional heescht net onbedéngt lokal, och wa vill Konsumenten dovun ausginn. Tatsächlech bezitt sech de regionalen Akaf ëmmer op e groussflächege Raum, bannent deem déi jeeweileg Wueren hiergestallt ginn. De Begrëff „lokal“ ass nach e bësse méi genee a bezeechent e méi klenge geografesche Raum, wéi zum Beispill eng bestëmmte Plaz an enger Regioun.
Eng saisonal a regional Ernärung bedeit, sech vu Liewensmëttelen ze ernären, déi an der Regioun an an der aktueller Joreszäit produzéiert ginn. Deemno bedeit eng regional Ernärung gläichzäiteg, datt een sech saisonal ernäert. Ëmgedréit bedeit eng saisonal Ernärung net automatesch, datt een nëmme regional Produkter konsuméiert. Well et ass ëmmer iergendwou op der Welt Summer.
D’Globaliséierung erméiglecht et eis, dat ganzt Joer duerch alles un Uebst a Geméis ze kafen wat et an der Welt gëtt. Et gëtt ëmmer méi Uebst a Geméis importéiert, dat op der Südhallefkugel gezillt gëtt, wat dozou féiert, datt mir vergiessen, datt déi verschidden Uebst- a Geméiszorte net d’ganzt Joer Saison hunn. Musse mer am Wanter onbedéngt Äerdbier iessen, déi vum Goût hier souwisou éischter u Waasser mat Äerdbiersgoût erënneren?
Eng saisonal Menüskaart dergéint féiert zu engem bessere Gefill fir d’Joreszäiten, an et entdeckt ee vläicht erëm Geméis- an Uebstzorten, déi längst an de Vergiess gerode sinn.
Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung
1, rue de la Congrégation
L – 1352 Luxemburg
(+352) 247-82500
© 2021 Regional & Saisonal – All Rechter virbehalen
Rechtlech Hiweiser | Informatiounen iwwert den Internetsite | Accessibilitéitserklärung
Cookie | Durée | Description |
---|---|---|
cookielawinfo-checkbox-analytics | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Analytics". |
cookielawinfo-checkbox-functional | 11 months | The cookie is set by GDPR cookie consent to record the user consent for the cookies in the category "Functional". |
cookielawinfo-checkbox-necessary | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookies is used to store the user consent for the cookies in the category "Necessary". |
cookielawinfo-checkbox-others | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Other. |
cookielawinfo-checkbox-performance | 11 months | This cookie is set by GDPR Cookie Consent plugin. The cookie is used to store the user consent for the cookies in the category "Performance". |
viewed_cookie_policy | 11 months | The cookie is set by the GDPR Cookie Consent plugin and is used to store whether or not user has consented to the use of cookies. It does not store any personal data. |