REgional & saisonal

REzepter

Quiche mat Geessekéis

Share on facebook
Share on pinterest
Share on email

Eng Taarteform mat dem Deeg (1 Packung Blieder- oder Mierfdeeg) ausleeën. Ram (125  ml), frësche Geessekéis (180  g, pikant), gerappte Geessekéis (75  g), 3 Eeër, Zitrouneschuel (1 TL) a Moschter (2  TL) opklappen a mat Salz, Peffer a Muskot wierzen. D’Tomaten (15 bis 20 Kiischtentomaten) an de Rucola wäschen. D’Eeërmëschung um Deeg verdeelen. Dann d’Tomaten dropleeën.

D’Quiche bei 160 – 190  °C ca. 30 –  40 Minutte baken. D’Quiche nom Bake mam Rucola beleeën.

4 Portiounen 
30 Minutten

Gudden Appetit!

Fir d’Quiche mat Geessekéis gëtt gebraucht:

1 Packung Blieder- oder Mierfdeeg
125 ml Ram
180 g frësche Geessekéis (pikant)
75 g gerappte Geessekéis
3 Eeër
1 TL Zitrouneschuel
2 TL Moschter
15 – 20 Tomaten (Kiischtentomaten)
Rucola

Salz
Peffer
Muskot

Rezept presentéiert vum

Bio-Haff Baltes

Produkter

Geessekéis; Päerdszuucht, -haltung

Philosophie

Ëm d’Joer 2000 huet de Bio-Haff Baltes op déi biologesch Landwirtschaft ëmgesuedelt. Ronn siwe Joer méi spéit gouf um Haff mat der Geessemëllech ugefaangen an direkt och Geessekéis um Haff hiergestallt. Ufanks goufen d’Produkter nach op de Mäert verkaaft, méi spéit ass den Haff op d’Liwwerung un den Eenzelhandel an d’Gastronomie ëmgeklommen. Haut ziele sechs Zorte frësche Kéis, véier Zorte mëlle Kéis an dräi Zorte Schnëttkéis zum Sortiment. Eisen nach jonke Betribszweig „Islandpäerd vum Aerenzdall“ bitt en aussergewéinleche Package aus Zuucht, naturnoer Haltung, individuellem Training u. v. m. un.

No un der Natur aus Iwwerzeegung

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!