2,5 l Waasser an engem Dëppen zum Kache bréngen. An der Tëschenzäit déi geschielte réi Grompere mat enger Rapp an eng Schossel rappen. An enger Pan 20 ml Rapsueleg waarm gi loossen. Déi kleng geschnidde Schallotten an de Péiterséileg ënner déi gerappte Grompere mëschen an dat Ganzt mat Salz a Peffer wierzen.
E bësse Salz, Zocker an de Jus vun der Bio-Zitroun an d'kachend Waasser ginn. Den ënneschten Deel vun de Spargelen ofschneiden (ca. 2 cm), well deen holzeg a batter schmaache kann. Wann d'Spargele ganz frësch sinn, kann een den ënneschten Deel och einfach ofbriechen, well d'Spargelen do briechen, wou se net méi holzeg sinn. D'Spargelen nëmme kuerz (ca. 2 Minutten) blanchéieren (well se herno nach mat an der Pan sinn, si se zum Schluss duerch), op d'Säit stellen a waarm halen.
An der Pan mam waarmen Ueleg mam Bake vun de Gromperekichelcher ufänken: 1/5 vun der Gromperemass aus der Schossel huelen, e bëssen ausdrécken an an d'Pan ginn. Wann déi ënnescht Säit goldeg giel gebak ass, muss de Gromperekichelchen ëmgedréint ginn. Op d'Hallschent vum Gromperekichelchen eng Tranche Ham an eng Tranche Kéis leeën. 4 Spargelen dorop leeën an op déi dann erëm eng Tranche Kéis. D'Ham, déi iwwersteet, iwwer d'Spargele schloen, an duerno dat selwecht mat der anerer Hallschent vum Gromperekichelche maachen. De gefëllte Gromperekichelchen aus der Pan huelen, op e Bakblech mat Kichepabeier leeën an an de Schäffche stellen, fir waarm ze halen.
De Rescht vum Rapsueleg, déi 5 cl Äppelesseg an de Moschter an enger Zaloteschossel glat réieren a mat Salz, Peffer an Zocker wierzen. D'gewäschen a gebotzten Zalot domat mëschen. D'gefëllte Gromperekichelcher aus dem Schäffchen huelen a mat der Zalot op den Telleren zerwéieren.
5 Persounen
1 Stonn

© photostudio C. Bosseler
Gefëllte Gromperekichelcher mat Spargelen
(Gromperekichelcher mat Spargel)
800 g mielzeg kachend Gromperen
2 ganz kleng geschnidde Schallotten
20 g ganz kleng geschniddene Péiterséileg
1kg geschielte Spargelen
5 Tranchë gekachten Ham
10 Tranchë Gouda
1 Bio-Zitroun
1 Heet Lollo Bionda-Zalot
5 cl Äppelesseg
300 ml Rapsueleg
2 EL Moschter
Salz, Peffer an Zocker
Rezept presentéiert vum
DER MAISON RELAIS VU MUNNEREF

© photostudio C. Bosseler
Philosophie
D'Produiten, déi an der Maison Relais vu Munneref fir ze kache benotzt ginn, komme wa méiglech vu Produzenten aus der Regioun an aus dem eegene Kraidergaart. „Et ass wichteg fir eis, datt mir mat eisen Akeef d'Lëtzebuerger Baueren ënnerstëtzen. Mir leeën och Wäert op kuerz Liwwerweeër, fir eisen CO2-Foussofdrock esou kleng wéi méiglech ze halen“, sou de Chefkach Jürgen Burg.
Mir sinn dofir verantwortlech, de Kanner, fir déi mir kachen, eng saisonal Lëtzebuerger an international Kichen unzebidden. Si muss awer och gesond an ofwiesslungsräich sinn. Duerch eng saisonal Kichen entwéckelen d'Kanner e Verständnis dofir, datt een net all Geméis an Uebst zu jiddwer Joreszäit ka kréien. Sou entwéckele si iwwer d'Iessen e Verständnis fir aner Iesskulturen a léieren, datt d'Banannen net aus Europa kommen.