REgional & saisonal

REzepter

Hénkeler Kréinercher mat Zalot

De Speck oder d’Ham a Wierfelcher schneiden an an Olivenueleg oder Botter lues ubroden, d’Ënnen derbäiginn a mat engem Schotz wäisse Wäin oder Geméisbouillon ofläschen. E Schotz Ram derbäiginn an dat Ganzt eventuell mat e bësse Miel bannen. Wierzen an d’Ierbessen derbäiginn. Kuerz opwale loossen. D’Nuddele brauche ca. 9 Minutten. Dat Ganzt mat oder ouni gerappte Kéis zerwéieren.

Déi réi rout Rommelen (2 – 3 Stéck) schielen a rappen, Päerdsbieresseg derbäiginn a Peffer, Salz an Zalotekraider an d’Schossel ginn. D’Ënne schielen an an dënn Réng schneiden. Duerno den Zalotenueleg an den Hanfueleg derbäiginn.

Als Lescht e Lorberblat derbäiginn an dat Ganzt am Frigo zéie loossen (am beschten iwwer Nuecht).

4 Portiounen
15 Minutten

Gudden Appetit!

Fir d’Hénkeler Kréinercher mat Zalot gëtt gebraucht:
(Hénkeler Kréinercher mat Zalot)

Speck oder Ham
Olivenueleg oder Botter
Zwiwwelen
1 Schotz wäisse Wäin
1 Schotz Ram
Miel (optional)
Ierbessen
Nuddelen


2–3 Rout Rommelen
Schwaarzbieresseg
Peffer
Salz
Zalotekräider
Zwiwwelen
Zalotenueleg
Hanfueleg
Lorberblat

Rezept presentéiert vum

Kulturhaff Millermoler

Philosophie

De Kulturhaff Millermoler ass e Buttek mat regionalen a lëtzebuergesche Produkter, mat deene mir och Corbeillë fir all Geleeënheeten an all Portmonni zesummestellen. Am Summer kënnt Dir op eiser Terrass no beim Vëloswee gemittlech eppes drénken an entspanen. An eise Raimlechkeete kënne Seminären a Coursen ofgehale ginn. Eis Konschtgalerie ka gelount ginn. Ausserdeem eegne sech eis Raimlechkeete fir Familljefeieren a Betribsfester. Mir hëllefen Iech gär bei der Organisatioun vun Ärem Fest oder këmmeren eis ëm alles. Dat ganzt Joer iwwer hu mir Aktivitéiten an Theemenowenter fir Kanner an Erwuessener. Dir kënnt och Ärem Kand säi Gebuertsdag bei eis feieren.

regional – fair – ökologesch – transparent

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!