REgional & saisonal

REzepter

Hunnegséisse Geessekéis

De Geessekéis (125  g Geessekéisdaleren) an de Speck (4 Tranchen) wéckelen an an enger gliddeger Pan am Olivenueleg vun zwou Säiten ubroden. Duerno e bëssen Hunneg (1 TL) op de Kéis drëpse loossen a bei niddreger Temperatur schmëlze loossen. D‘Mauséiercherszalot (100 g) wäschen an ofdrëpse loossen.

Fir den Dressing Mayonnaise (1 EL), mëttelschaarfe Moschter (1 TL), Hunneg (1 TL), Äppelesseg (2 EL), Äppeljus (2 EL) an Olivenueleg (2 EL) mëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen. Mat e bëssen Zitrounejus den Aroma verfeineren. Virum Zerwéieren den Teller mat engem dënne Rand Balsamico-Crème dekoréieren.

2 Portiounen
15 Minutten

Gudden Appetit!

Fir den hunnegséisse Geessekéis braucht Dir: 
(Hunnegséisse Geesekéis)

125 g Geessekéis (Geessekéisdaleren)
Olivenueleg
4 Tranchë Speck
1 TL Hunneg
100 g Mauséiercherszalot


1 EL Mayonnaise
1 TL mëttelschaarfe Moschter
1 TL Hunneg
2 EL Äppelesseg
2 EL Äppeljus
2 EL Olivenueleg
Salz
Peffer
1 Schotz Zitrounejus
Balsamico-Crème

Rezept presentéiert vun der

Dieschbourger Millen

Philosophie

Beie si souwuel fir eis wéi och fir d’Planzen an Déiere liewensnoutwenneg. Si leeschten en enorme Bäitrag zur Erhalung vun eise Kraider, Kulturplanzen an Uebstzorten. Dobäi däerf een déi gutt Naturprodukter, déi eis d’Liewe verséissen, net vergiessen. Den allsäits bekannten Hunneg, ma och Pollen, Propolis a Gelée Royal hëllefen eis op natierlech Aart a Weis, kräfteg a gesond ze bleiwen. All dës Produkter fannen hire Wee an eis Rezepter an domat op den Teller a beräicheren d’Palett vun de Goûten an Aromaen.

Natierlech, gesond a gutt

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!