REgional & saisonal

REzepter

Judd mat Gaardebounen a Gromperen

D'Fleesch an en Dëppe mat kalem Waasser leeën a kachen. Dat geronnent Eewäiss ofschaimen. Dat geschniddent Geméis a Gewürzer derbäiginn a brutschele loossen. Ca. 70 – 95 Min. jee no der Gréisst vum Stéck Fleesch goe loossen.

De Speck mam Botter ubroden an d'Ënnewierfelen derbäiginn. D'Miel derbäiginn a liicht brong gi loossen. Mat der Fleeschbritt vum Judd ofläschen a mam Schnéibiesem gutt verréieren. D'Saubounen an d'Bounekraitchen derbäiginn an dat Ganzt brutschele loossen, bis d'Boune mëll sinn. Mat a bësse Ram a Gewürzer ofschmaachen.

D'Grompere schielen. Duerno mat liicht gesalzenem Waasser usetzen a kachen, bis d'Gromperen duerch sinn.

© photostudio C. Bosseler

6 Persounen
2 Stonnen

Gudden Appetit!

Zutaten fir Judd mat Gaardebounen
a Gromperen

2 kg gereechertere Judd
100 g moer Speckwierfelen
1,5 kg Saubounen
200 g Ënnen
100 g Ënnewierfelen
200 g Porretten
200 g Muerten
100 g Zelleri
2,5 kg festkachend Gromperen
30 g Botter
40 g Miel
2 Stk Lorberblat    
1 Strauss Bounekraut
Salz a Peffer
Ram  

Rezept presentéiert vun der

Maison Relais Conter

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

E groussen Aspekt vun der Aarbecht an der Maison Relais Conter ass net nëmmen d’Betreiung, mee och d’Bildung vun de Kanner. „Do gehéiert d’Erzéiung zu engem gesonden Iessverhalen selbstverständlech dozou“, sou den Tom Nero, Chargé de Direction vum Haus. „Mir investéiere vill Zäit a Méi an der Kiche fir d’Ausschaffe vun de Menuen, duerch déi mer de Kanner eng gutt Basis wat gesond Iesse betrëfft mat op de Wee ginn.“ An dee Kontext passe Begrëffer wéi: Bio, Regional-Saisonal, Fairtrade. „Dat alles si Bausteng vun der Erzéiung zu enger gesonder a bewosster Ernärung”, seet den Tom Nero. Déi ëmfaasst och zum Beispill de Besuch um Bauerenhaff an aner pedagogesch Aktivitéiten, déi net reng op d’Iesse beschränkt sinn.

Küchenchef Stefan Brückner erklärt:

D’Kanner solle bei eis an der Maison relais déi Liewensmëttel a Plate kenneléieren, déi typesch si fir d’Regioun an déi an der Saison sinn. Mir kafen d’Iesswuere lokal an, well dat duerch déi kuerz Weeër ee positiven Afloss op eis Ëmwelt huet. Mir kafe sou vill wéi méiglech an der Gemeng, sou kënne mir eis Betriber a Baueren heiheem ënnerstëtzen.

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!