REgional & saisonal

REzepter

Kalbasstaart mat Vanillsglace

De Bakuewen op 180 °C virhëtzen. De Mierfdeeg an eng Taarteform leeën, mat Bakpabeier bedecken a mat gedréchente Bounen oder Jicken aus Keramik beschwéieren. Den Deeg 15 Minutte baken. De Kürbis mat Damp kachen an ofdrëpse loossen. De gekachte Kürbis mixen oder püréieren. D’Eeër an enger Schossel mat 150 g Zocker schloen, d’Salz an d’Gewierzer derbäiginn an duerno alles vermëschen. De Botter schmëlzen an d’Hallschent vum Botter an dann de Kalbass bei d’Mëschung derbäiginn. D’Mëschung glat réieren, se op den Deeg an der Taarteform schëdden an de Rescht vum Zocker a vum Botter drop verdeelen. 45 Minutte baken an aus dem Bakuewen huelen, soubal de Belag uewendrop karamelliséiert ass. Wootlech mat enger Bull Vanillsglace zerwéieren.

4 Portiounen
1 Stonn

 

© photostudio C. Bosseler

Gudden Appetit!

Dir braucht

3 grouss Eeër
1 Mierfdeeg
230 g Zocker (am beschten net raffinéiert)
100 g Botter
500 g Kalbass
1 TL Kanéil
1 TL Muskot
1 TL Véiergewierz
Salz
Vanillsglace

Rezept presentéiert vum

RESTAURANT AUX TANNERIES
DE WILTZ

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

D'Gewëssheet, mat saisonale Produiten ze schaffen, déi mat Léift an ausserhalb vun den industriellen Zyklen hiergestallt goufen, ass de Grond, firwat de Chefkach Olivier Tilmant léiwer lokal Produite benotzt. Ausserdeem sinn „net industrialiséiert“ Produiten eng Garantie dofir, datt qualitativ héichwäertege Matière-premièren ouni cheemesch Zousazstoffer, wéi een se dacks an de Produiten aus der Masseproduktioun fënnt, benotzt ginn.
Fir d'Ekipp vum Restaurant Aux Tanneries de Wiltz ass et komplett onsënneg, mat Produite vum aneren Enn vun der Welt ze schaffen. „Éischtens aus ekologescher Siicht (groussen CO2-Foussofdrock), mee och aus Respekt virun enger Regioun, déi esou vill ze bidden huet. Natierlech verstousse mir och emol géint dëse Prinzip wa mir beispillsweis exotescht Uebst aus fairem Handel fir eis Desserten huelen“, sou den Olivier Tilmant.

An der Wantersaison gräife mir an éischter Linn op Wëld, wat an eise Bëscher gejot gouf, a Geméiszorten zréck, déi der kaler Joreszäit ugepasst sinn, wéi Kabes oder Rommelen. D'Feinschmecker wëssen, datt dat saisonaalt Uebst a Geméis absolut fir eis Besoine gëeegent ass an eis hëlleft, de Wanter iwwer gesond ze bleiwen! Aus Respekt virun eise Produzente kache mir esou vill wéi méiglech mat schounende Methoden, fir d'Qualitéit vun hire Produiten esou gutt wéi méiglech ze erhalen.

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!