Fir den Deeg de Muertejus (0,5 l) mam Miel (500 g), 2 Eeër an enger Messerspëtzt Salz vermëschen.
Den Deeg dann a kache Waasser pochéieren. D’Waasser soll just sidderen, net spruddelen. Den Deeg kann ee mat Hëllef vun engem Sprëtzbeidel an d’Dëppe ginn, andeem ee gläichméisseg Drock drop gëtt an den Deeg vir mat engem Messer, dat reegelméisseg an d’waarmt Waasser gezappt gëtt, ofschneit. Et kann een den Deeg awer och ganz traditionell mat engem Läffel an d’Waasser ginn.
Fir d’Geméis kënnt Der beispillsweis Muerten oder Paprika oder aner Geméiszorten huelen. Schneit d’Geméis kleng a schwenkt et an enger Pan a Kraiderbotter. Gitt duerno déi ofgedrëpste Kniddele mat an d’Pan a verfeinert dat Ganzt no Gusto mat frësche Kraider.
2 Portiounen
30 Minutten

Fir Kniddelen, nei interpretéiert, gëtt gebraucht:
(Kniddelen nei interprétéiert)
0,5 l Muertejus
500 g Miel
2 Eeër
1 Messerspëtzt Salz
Rezept presentéiert vum
Restaurant Gudde Kascht

Philosophie
Mir si just zefridden, wann Dir Iech bei eis wuelfillt. Mir maachen alles dofir, datt Dir déi Zäit, déi Dir bei eis verbréngt, a gudder Erënnerung behaalt. Mir si stolz op eist selwer gebakent Brout an eis hausgemaachen Deegwueren, Glacenzorten a Kichelcher. Eist Geméis an d’Kraider kommen all frësch aus eisem klengen, mat Léift gefleegte Gaart direkt op den Teller. Eis hauseege Patisserie zaubert op Wonsch fir Iech déi verschiddenst Taarten a Kuchen a verwinnt Iech mat esou muncher Schneekerei.
Regional, frësch, mat Léift an hausgemaach op den Dësch