REgional & saisonal

REzepter

Schuedi

Ee, Zocker (75  g), Botter (75  g), Mëllech (250  ml), Miel (400 g) an Hief (1 Wierfel à 42  g oder 2 Päckelcher Dréchenhief) mat der Maschinn zu engem glaten Deeg knieden. Salz (10  g) derbäiginn an nach zwou Minutte wieder knieden. Aus dem Deeg zwou gläich grouss Kugele formen, eng Stonn goe loossen, duerchknieden an nach eng hallef Stonn goe loossen. Zwee Kreesser ausrullen a pro Form ronn 10 Botterstéckelcher an den Deeg drécken. Duerno mat Eegiel bepinselen an Zocker driwwer streeën.

25 Minutte bei 180 °C am Uewe baken a fäerdeg!

2 Portiounen
120 Minutten

De Schuedi

Gudden Appetit!

Fir de Schuedi gëtt gebraucht:
(Schuedi)

1 Ee
75 g Zocker
75 g Botter
250 ml Mëllech
400 g Miel
1 Wierfel Hief à 42 g oder 2 Päckelcher Dréchenhief
10 g Salz
10 Botterstéckelcher

Rezept presentéiert vum

Touristcenter Heringer Millen

Philosophie

Déi fréier Millen aus dem 17. Joerhonnert gouf vollstänneg renovéiert a bitt haut nieft engem Touristeninformatiounsbüro eng ganz Rei vun Déngschtleeschtungen un. Ënner anerem ginn op eisem Bakdag dat traditionellt Millebrout an de „Schuedi“ gebak, an am grousse regionale Shop kann ee Wueren a Corbeillë mat Produkter vun de Produzenten aus dem Mëllerdall kafen.

Mat Passioun zur Regioun!

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!