REgional & saisonal

REzepter

Schwéngsfilet an Ham gewéckelt

mat Jus, Geméis aus dem Uewen a Püree aus Gromperen an Ierbessen

Schwéngsfilet an Ham gewéckelt

De Schwéngsfilet bei grousser Hëtzt kuerz ubroden. Mat Salz a Peffer wierzen an ofkille loossen.

D’Scheiwen Ham gläichméisseg ausleeën.

D‘Pouletsbroscht wierfelen a mat dem Ee, der Ram an de Gewierzer kuerz mixen.

D‘Farce gläichméisseg op der Ham verdeelen an de Schwéngsfilet op d’Farce leeën. Dat Ganzt arullen a mat engem Fettnetz vum Schwäin zesummenhalen.

De Schwéngsfilet am Uewe bei 80°C op 60°C am Kär erhëtzen.

Virum Zerwéieren de Schwéngsfilet an enger Pan ubroden, dass e gutt krupseg gëtt, schneiden an dann zerwéieren.

Kallefs-Jus

De Bakuewe virwiermen (E-Uewen: 220°C / Ëmloft: 200°C) an d’Knache vum Kallef mam Ueleg an engem gossenen Dëppe gutt mëschen. Dann am virgehëtzte Bakuewen ca. 30 Minutte broden a reegelméisseg mat engem Holzläffel ëmréieren.

D‘Geméis wäschen, dréchnen, schielen, a graff Stécker schneiden an da bei déi gebrode Kallefsknache ginn a weider 30 Minutte broden.

 

 

D’Knachen an d’Geméis zesumme mam Tomatekonzentrat an een Dëppe ginn an ca. 2 Minutten ubroden, mat roudem Wäin ofläschen. De Saz um Buedem vum Dëppe mam Holzläffel lassmaachen an op d’Hallschent reduzéieren.

Porto dobäiginn an op d’Halschent akachen. Dono Peffer, Lorberblieder an 2 Liter kaalt Waasser dobäiginn, opkachen an d’Kachmaschinn op déi klengsten Hëtzt stellen. Alles ca. 3 Stonne laang bei niddereger Temperatur lues kache loossen.

No 3 Stonnen de Jus-Usaz passéieren an an eent zweet Dëppe schëdden. D’Flëssegkeet op ca. 200 ml akachen a mat rengem Miersalz wierzen.

© photostudio C. Bosseler

Geméis aus dem Schäffchen

D’Geméis wäschen a botzen.

Tomaten an d‘Halschent schneiden, Courgetten an Auberginnen a net ze dënn Scheiwe schneiden. Zwiwwele der Längt no an dënn Spalten an de Paprika a Sträife schneiden.

© photostudio C. Bosseler

Virbereedungs- a Kachzäit: 2 Stonnen

 

D’Geméis op engem mat Bakpabeier preparéierte Bakblech verdeelen, mat Salz a Peffer wierzen.

Olivenueleg mat de Kraider vermëschen a gläichméisseg iwwert d’Geméis verdeelen an dat Ganzt bei 200°C fir ca. 15 Min. an de virgehëtzte Bakuewe stellen.

Gromperen-Ierbessepüree

Gromperen a Salzwaasser ca. 30 Minutte kachen. Wa se mëll sinn, se an ee Sift ofschëdden.

Ierbessen an engem Dëppe kache bis se mëll sinn.

Peffermënz wäschen, vun de Stillercher plécken a reng hacken.

D’Mëllech waarm maachen an de Botter dra schmëlzen. D’Gromperen an d’Ierbessen duerch eng Gromperepress drécken a mat der Mëschung aus Mëllech a Botter zu engem Püree verréieren.

Dobäi komme nach déi gehackte Peffermënz an déi geriwwe Schuel vun der Zitroun. Mat Salz, Peffer, Muskot an Zitrounejus wierzen.

Gudden Appetit!

Fir 6 Persoune braucht Dir:

Schwéngsfilet an Ham gewéckelt

800 g Schwéngsfilet (Marque Nationale)
6 Scheiwe réi Ham (Marque Nationale)

Pouletsfarce

200 g Pouletsbroscht
1 Ee
200 ml Ram
Salz
Peffer
Thymian
Knuewelek

Kallefs-Jus

1 kg Knache vum Kallef
2 EL Planzenueleg
200 g Kappzellerie
2 Muerten
4 Zwiwwelen
2 EL Tomatekonzentrat
300 ml roude Wäin
200 ml Porto
1 TL schwaarz Pefferkären
2 Lorberblieder
Salz

Geméis aus dem Schäffchen

300 g Tomaten
500 g Courgetten
300 g Auberginnen
2 Knuewelekszéiwen
1 roude Paprika
2 TL Kraider aus der Provence, kleng gehackt
6 EL Olivenueleg
Salz
Peffer

Gromperen-Ierbessepüree

500 g Gromperen
1 Pouz Salz
1 Zitroun (Jus a Schuel)
4 Peffermënzstillercher
300 g Ierbessen
250 ml Mëllech
50 g Botter
1 Pouz Muskotnoss, geriwwen
1 Pouz Peffer

Rezept presentéiert vun der

Entente Touristique de la Moselle Luxembourgeoise

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

De Kichechef op der MS „Princesse Marie-Astrid“, de Benny Heinz, stellt all Menü nom Motto: „frësch a regional“ zesummen. Duerch seng Platen sollen d’Gäscht d’Musel vun enger anerer Säit entdecken.

Och mussen all déi an der Regioun produzéiert Saachen net wäit geliwwert ginn, dat ass och gutt fir d’Ëmwelt.

Mir kachen um Schëff mat Liewensmëttel aus der Regioun; do wësse mir, wou se hierkommen - zum Beispill vun eise Baueren. Et huet een een anere Bezuch zu Produiten aus der Heemecht.

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!