D'Schwéngsbaken, déi virdru gewierzt goufen, an engem Dëppe kachen (wärend 2 Stonne lues goe loossen). D'Ënn am Botter broden, bis se eng schéi Faarf huet, den Hunneg draschëdden a karamelliséiere loossen. De Béier, d'Gewierzer, den Esseg an d'Korinten draschëdden an ëm dräi Véierel reduzéiere loossen. No der Reduktioun wierzen a mam Maizena bannen. D'Schwéngsbake bei niddreger Temperatur an d'Zooss leeën, fir se waarm ze halen. D'Pastinake schielen an a grouss Wierfele schneiden, déi dann a Salzwaasser kachen (12-15 Minutten) an duerno mat engem Schotz Ram an enger Pouz Muskot mixen. Ofschmaachen an eventuell d'Konsistenz upassen. D'Schwéngsbaken op dem Pastinakepüree uriichten. Als Bäilag e Gromperegratin oder frësch Nuddelen zerwéieren.
4 Persounen
2,5 Stonnen

© photostudio C. Bosseler
Dir braucht
600 g Schwéngsbaken
1 grouss Ënn
4 Pastinaken (ongeféier 275 g)
1 Liter Lëtzebuerger Béier (donkel)
80 g Botter
100 ml Vollmëllech
Maizena
1 bis 2 Iessläffelen Apelesseg
1 bis 2 Iessläffele Lëtzebuerger Hunneg
1 bis 2 Iessläffele Korinten
2 Lorberblieder
1 Strauss Thymian
3 Blieder Majoran
Kleng geschniddene Péiterséileg
Salz, Peffer
Rezept presentéiert vum
Restaurant Aux Tanneries
de Wiltz

© photostudio C. Bosseler
An der Wantersaison gräife mir an éischter Linn op Wëld, wat an eise Bëscher gejot gouf, a Geméiszorten zréck, déi der kaler Joreszäit ugepasst sinn, wéi Kabes oder Rommelen. D'Feinschmecker wëssen, datt dat saisonaalt Uebst a Geméis absolut fir eis Besoine gëeegent ass an eis hëlleft, de Wanter iwwer gesond ze bleiwen! Aus Respekt virun eise Produzente kache mir esou vill wéi méiglech mat schounende Methoden, fir d'Qualitéit vun hire Produiten esou gutt wéi méiglech ze erhalen.