REgional & saisonal

REzepter

Stäerzelen

1 Liter Waasser mat Salz (12 g) un d’Kache bréngen. Wëllkeschmiel (500 g) op eng Kéier draginn an esou laang réieren, bis e festen Deeg entsteet entsteet. 100 bis 200 g duerchwuessene Speck a Wierfelcher geschnidden ausloossen. En Iessläffel a kache Salzwaasser halen a mam Läffel d’Stäerzelen ausstiechen.

D’Stäerzelen an eng waarm Schossel ginn, Fett, Gréiwen, geschmolzene Botter an en Dëppche Ram driwwerschëdden an am Uewe waarmhalen.

4 Portiounen
30 Minutten

 

© photostudio C. Bosseler

Gudden Appetit!

Fir d’Stäerzele gëtt gebraucht:
 (Stäerzelen)

1 l Waasser
500 g Wëllkeschmiel
100 – 200 g duerchwuessene Speck a Wierfelen
1
1 Dëppche Ram
12 g Salz

Rezept presentéiert vum

Moulin J.P. Dieschbourg
S. À R. L.

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

D’Famill Dieschbourg produzéiert zënter 1897 Miel. Fréier an der historescher Millen aus dem Joer 1910 an zënter 2011 op enger Steemillen, op där glutefräit Wëllkarmiel hiergestallt gëtt. E speziellt Produkt ass den Dieschbourg-Kaffi, deen zënter 1992 an der Mille geréischtert gëtt. Nieft dem traditionelle Boursy-Kaffi aus dem Joer 1883 bitt d’Kaffisréischterei eng grouss Wiel un zertifizéierte Bio- a Fairtrade-Mëschunge vun dräi Kontinenter un. Dës Produkter kënnt Dir all bei eis am hauseegene Buttek oder no enger Visitt vun der aler Millen testen, schmaachen a kafen. D’Dieschbourg-Mille garantéiert qualitativ héichwäerteg Produkter, wéi d’Familljentraditioun dat verlaangt.

Är Garantie fir gutt Miel, gudde Kaffi a gudde Service.

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!