REgional & saisonal

REzepter

Steak vum Hirsch mat Bio-Champignonen, roudem Kabes a wäisse Kniddelen

De roude Kabes ganz reng schneiden, d’Ënnen och an dënn Scheiwe schneiden, a béides dann am waarme Schmalz ubroden a mat Salz, Peffer a Kanéil wierzen. Mat ½ l roude Wäin a mam Esseg ofläschen. Bei niddreger Temperatur a mam Deckel um Dëppe lues brutschele loossen. D’Biere schielen an an ½ l Waasser mat 100 g Zocker kache bis se mëll sinn. Déi rout Molbier mat 75 g Zocker lues op klengem Feier akache loossen.

D’Miel, d’Eeër, ⅛ l Waasser an d’Salz mam Peffer (wäiss, gemuel) an enger Schossel gutt mam Handmixer mëschen. Den Deeg soll schéi fest bleiwen. Fir d’Kniddelen ze kachen, Salzwaasser un d’Kache bréngen a mat engem Iessläffel kleng Stécker vum Deeg oftrennen an an dat kachend Waasser ginn. D’Kniddele si fäerdeg, wa se un der Uewerfläch schwammen.

Mat dem an e bësse Botter gebrodene Speck garnéieren.

D’Steaks schaarf a waarmem Ueleg ubroden. A Sëlwerpabeier awéckelen a waarm halen. D’Fett aus der Pan huelen, dann d’Champignone mat e bësse Botter, de kleng geschniddene Schallotten a mam Knuewelek brode loossen. Mat ¼ l roude Wäin ofläschen, mat Salz a Peffer wierzen an ofschmaachen.

4 Persounen
2 Stonnen

© photostudio C. Bosseler

Gudden Appetit!

Dir braucht

800 g Steak vum Hirsch
100 g fetten a more Speck
400 g Bio-Champignonen
1 kg réie roude Kabes
150 g Ënnen
3 Zéiwe Knuewelek, gemuel
50 g Schallotten
4 Kachbieren (Zort Gieser-Wildeman)
100 g rout Molbier
50 g Botter
100 g Schmalz
500 g Miel
175 g Zocker
5 ganz Eeër
¾ l roude Wäin
¼ l Esseg
Lorberblat an Neelcheskäpp
Salz, Peffer a Kanéil

Rezept presentéiert vum

Les Écuries du Parc
zu Clierf

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

Lokal Produiten an traditionell Rezepter sinn d’Häerzstéck vun der Aarbecht vum Kichechef Marc Arend. Him ass et wichteg, seng Passioun fir frësch Qualitéitsproduiten aus der Regioun mat senge Clienten ze deelen. Genee wéi seng Leidenschaft fir d’Kachen, déi hie säit Joren u Léierjongen a -meedercher weidergëtt, woubäi hien och Wäert op eng gesond an equilibréiert Ernärung leet.

„Alles, wat mir an eiser Kiche benotzen, kënnt aus der Regioun, ass frësch a gëtt sur place verschafft“, sou de Marc Arend. Dat dréit zu engem gudde Goût an natierlech och zum Klimaschutz bäi. Et erméiglecht eng komplett Transparenz an der Liwwerketten an domat och d’Sécherheet vun de Liewensmëttel. D’Kaart vum Restaurant gëtt der jeeweileger Joreszäit ugepasst, fir déi natierlech Wuesstumszykle vum Geméis a vum Uebst an och d’Traditioune vun der Regioun ze respektéieren.

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!