REgional & saisonal

REzepter

Wäinzoossiss mat Gromperepüree a Mange-touten

Virbereedungs- a Kachzäit: 60 Minutten

D’Grompere schielen, a graff Stécker schneiden a 25 Minutten a gesalztem Waasser kachen. An där Zäit d’Mëllech mat Botter, Salz, Peffer a Muskot waarm maachen. Déi gekachte Gromperen mat enger Püreespress an déi waarm Mëllech-Botter-Mëschung duerchdrécken.

© photostudio C. Bosseler

© photostudio C. Bosseler

Déi gewäsch Mange-touten an eng Rauteform schneiden a se mat gehackte Schallotten, Rosmarin, Salz a Peffer an engem Dëppe kuerz ubroden. 4 cl Waasser dobäiginn a se mam Deckel um Dëppen dëmpen.

D’Schallotte kleng hacken an a Botter dëmpen bis se glaseg sinn. Mam Riesling a mam Fleeschfonds ofläschen an akache loossen. De Moschter an d’Ram dobäiginn a weider akache loossen, mat Salz a Peffer wierzen. Zum Schluss d’Wäinzoossissen a waarmem Rapsueleg broden.

© photostudio C. Bosseler

© photostudio C. Bosseler

Gudden Appetit!

Fir 4 Persoune braucht Dir:

Gromperepüree a Mange-touten

750 g mieleg Gromperen
80 g Botter
100 ml Mëllech
10 g Schallotten
160 g Mange-touten
Rosmarin
Salz, Peffer, Muskot

Wäinzoossiss mat Moschterzooss

4 „Wäinzoossissen“ (luxemburgische Wurstspezialität)
2 EL Rapsöl
20 g Butter
10 g Schalotten
10 cl Fleischfonds
10 cl Sahne
10 cl Riesling
2 EL Senf
Salz, Pfeffer

Rezept presentéiert vun der

Jugendherberge Beaufort

© photostudio C. Bosseler

Dem Kichepersonal ass et wichteg, am multikulturellen Ëmfeld vun de Jugendherbergen déi Lëtzebuerger Kichen ze presentéieren. Dozou gehéieren natierlech Liewensmëttel aus regionaler a saisonaler Produktioun. Den Hunneg, deen an de Kiche verschafft gëtt, produzéiere Beien, deenen hier Stäck op den Diecher vun de Jugendherbergen zu Esch-Uelzecht an an der Stad stinn. D’Ekobilanz spillt eng Roll beim Choix vun de Produiten an dofir ginn onnéideg Transportweeër evitéiert.

Philosophie

Natur- an Ëmweltschutz si fir „Les Auberges de jeunesse luxembourgeoises asbl“ eng Häerzensugeleeënheet. An de Kader vum Ekotourismus passt och eng nohalteg Ernierung a lokaalt Iessen. Virun allem gi regional an och fair gehandelt Produiten verschafft. An der Zesummestellung vun de Menüe ginn d’Joreszäite respektéiert. Doriwwer eraus ginn an de Jugendherbergen sou mann wéi méiglech Iesswueren ewechgeheit, dofir ginn zum Beispill d’Portiounen dem Honger vun de Clienten ugepasst.

Bei eis ass d’Iessen net bëlleg, mee fair a gënschteg.

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!