Vegaant Gegrills an Zalot mat Spargelen an Äerdbier

Virbereedungs- a Kachzäit: 45 Minutten

D'Spargele botzen an dat Holzegt erofschneiden. De Fenchel an Tranchë schneiden, an zwar esou, datt se net an eenzel Stécker zerfalen. 

Déi jonk Muerte gutt botzen an dat Gréngt bis op 4 cm erofschneiden. Den Apel a véier Stécker schneiden an de Batz an d'Kären eraushuelen. 

D'Äppelstécker, d'Spargelen, d'Fencheltranchen an d'Muerte grillen, bis se duerch sinn (net iwwer oppener Flam)

© photostudio C. Bosseler

© photostudio C. Bosseler

Die Kartoffeln in Aluminium einwickeln und in der Kohle garkochen. Je nach Größe der Kartoffeln nach 20 Minuten mit einem

Wäinzoossiss mat Gromperepüree a Mange-touten

Virbereedungs- a Kachzäit: 60 Minutten

D’Grompere schielen, a graff Stécker schneiden a 25 Minutten a gesalztem Waasser kachen. An där Zäit d’Mëllech mat Botter, Salz, Peffer a Muskot waarm maachen. Déi gekachte Gromperen mat enger Püreespress an déi waarm Mëllech-Botter-Mëschung duerchdrécken.

© photostudio C. Bosseler

© photostudio C. Bosseler

Déi gewäsch Mange-touten an eng Rauteform schneiden a se mat gehackte Schallotten, Rosmarin, Salz a Peffer an engem Dëppe kuerz ubroden. 4 cl Waasser dobäiginn a se mam Deckel um Dëppen dëmpen.

Die Schalotten hacken und im Butter glasig dünsten. Mit Riesling und Fleischfonds

Schwéngsfilet an Ham gewéckelt

mat Jus, Geméis aus dem Uewen a Püree aus Gromperen an Ierbessen

Schwéngsfilet an Ham gewéckelt

De Schwéngsfilet bei grousser Hëtzt kuerz ubroden. Mat Salz a Peffer wierzen an ofkille loossen.

D’Scheiwen Ham gläichméisseg ausleeën.

D‘Pouletsbroscht wierfelen a mat dem Ee, der Ram an de Gewierzer kuerz mixen.

D‘Farce gläichméisseg op der Ham verdeelen an de Schwéngsfilet op d’Farce leeën. Dat Ganzt arullen a mat engem Fettnetz vum Schwäin zesummenhalen.

De Schwéngsfilet am Uewe bei 80°C op 60°C am Kär erhëtzen.

Virum Zerwéieren de Schwéngsfilet an enger Pan ubroden, dass e gutt krupseg gëtt, schneiden an dann zerwéieren.

Kallefs-Jus

Den Backofen vorheizen (E-Herd: 220°C / Umluft: 200°C) und die

Grompere-Muerte-Gratin

Kartoffel-Karotten-Auflauf mit grünem Salat

mat grénger Zalot

Grompere schielen, wäschen an a graff Stécker schneiden. A Salzwaasser zougedeckt 20-25 Min. kachen. Ofschëdden a bei ganz niddreger Hëtzt am oppenen Dëppen ausdënste loossen. 185 ml Mëllech, 50 g Botter, e bësse Salz, Peffer a frësch geriwwe Muskotnoss opkachen. D’Grompere mam Handmixer am Dëppe reng zerklengeren. Déi kachend Mëllechmëschung ënnerréieren, evt. nach eng Kéier wierzen. De Gromperepüree soll gutt cremeg sinn, fir datt e besser verdeelt ka ginn.

D’Muerte schielen, botzen an a kleng Stécker schneiden. Geméisbritt erhëtzen an d’Muerten doranner mëll kachen. Wa néideg, Geméisbritt noschëdden. Muerte mat Botter, Salz, Peffer a Muskot mat engem Püréierstaf püréieren.

Die Auflaufform einfetten und