Uebst a Geméis

Ob Uebst oder Geméis, am August gëtt et bal alles. Zu de roude Friichte gesellen sech elo och nach Äppel, Bieren, Mirabellen a Prommen. Dës Uebstzorte gëtt et aus regionaler Produktioun an och beim Geméis kann den August punkten: Auberginnen, Bounen, Brokkoli, Ierbessen, Tomaten a villes méi.

#regionalsaisonal

Eng regional a saisonal Liewensmëttelproduktioun huet och eng sozial Komponent Tëschent dem Produzent an dem Konsument entsteet e perséinleche Kontakt. Doduerch léiert de Verbraucher d’Aarbecht, déi an der Liewensmëttelproduktioun stécht, ze schätzen.

Tippen & Tricke

vum Mount

Rout Friichte méi laang lageren

Rout Friichten halen sech méi laang, wann een se mat enger Mëschung aus Esseg a Waasser am Verhältnis 1:3 ofwäscht. D’Schimmelsporen a Bakteerie ginn doduerch futti. D’Friichte mussen duerno gutt ofgedréchent ginn, ier se an de Frigo kommen.

Mirabellen ouni Kär

D’Mirabellen d’éischt wäschen a kachen, duerno loossen sech mat enger Passe-vite d’Käre ganz einfach eraushuelen. D’Passe-vite op en Dëppen oder eng Schossel setzen an déi gekachte Mirabellen afëllen. D’Haut an d’Käre bleiwen an der Passe-vite, d’Fruuchtfleesch vun de Mirabelle gëtt passéiert an et entsteet e Mous.

Mat regionale Friichte baken

Fir dës waarm Joreszäit ass eng selwergemaachten Taart mat frëschem Uebst genee dat Richtegt. A firwat se dann net komplett mat regionale Produkter baken? Miel, Botter, Eeër, Äppel, Bieren, Prommen, Quetschen, Mirabellen, Kiischten … D’Offer ass grouss. A fir déi, deenen et net séiss genuch ka sinn, däerf e Läffel Schlagsan oder eng Bull Glace natierlech net feelen.