Uebst a Geméis

Klimabedéngt hu mer am Juli déi gréisst Wiel u frëschem Uebst a Geméis, sief et Bounen, Ierbessen, Brokkoli, Auberginnen oder och Courgetten. Nieft der Zalot hunn och Kornischongen, Fenchel a Paprika Saison. D’Faarf Rout dominéiert am Juli: frësch Tomaten, roude Kabes, rout Kréischelen, Hammbier an natierlech Kiischten.

#regionalsaisonal

Eng regional a saisonal Liewensmëttelproduktioun huet och eng sozial Komponent Tëschent dem Produzent an dem Konsument entsteet e perséinleche Kontakt. Doduerch léiert de Verbraucher d’Aarbecht, déi an der Liewensmëttelproduktioun stécht, ze schätzen.

Tippen & Tricke

vum Mount

Tomate schielen

Schneit d’Haut vun der Tomat kräizfërmeg an. D’Tomat fir 15 bis 30 Sekonnen a kache Waasser leeën an da kuerz an Äiswaasser ofkille loossen.

Kiischten ouni Kär

Leet d’Kiischt op d’Ëffnung vun enger propperer Glasfläsch a stiecht mat engem Stäbchen oder Stréihallem einfach derduerch. De Kär fält an d’Fläsch, d’Kiischt bleift ganz.

Knackeg gréng Ierbessen

Ierbesse verléiere beim Kachen dacks hir schéi gréng Faarf. Maacht e bëssen Natron an Zocker an d’Waasser a schreckt d’Ierbessen nom Kache mat Äiswaasser of. Sou bleift déi natierlech Faarf erhalen.