Uebst a Geméis

Am Juni hu mer erëm eng grouss Wiel beim frëschen Uebst aus der Regioun. Kiischten, Äerdbier an Hammbier schmaachen elo besonnesch gutt, och de Rubbarb huet Saison. D’Spargel- an Zalotesaison geet och am Juni nach virun.

#regionalsaisonal

Eng regional a saisonal Liewensmëttelproduktioun huet och eng sozial Komponent Tëschent dem Produzent an dem Konsument entsteet e perséinleche Kontakt. Doduerch léiert de Verbraucher d’Aarbecht, déi an der Liewensmëttelproduktioun stécht, ze schätzen.

Tippen & Tricke

vum Mount

Bauerereegel – Rubbarb

No enger aler Bauerereegel sollt een nom 24. Juni kee Rubbarb méi iessen. Wat een de Rubbarb méi spéit am Joer ësst, wat e méi Oxalsaier huet, an déi ass a grousse Quantitéite gëfteg. Allerdéngs géif een ni esou vill Rubbarb iessen! Tatsaach ass awer, datt d’Baueren nom 24. Juni kee Rubbarb méi eranhuelen. Doduerch kritt d’Planz genuch Zäit fir ze regeneréieren, fir datt och dat Joer drop erëm genuch Rubbarb wuesse kann.

Hammbier – lokaalt Superfood

Wosst Dir, datt Hammbier och als „Kinnigin vun de Biere“ bezeechent gëtt? Hammbier gëllt als lokaalt Superfood, well et besonnesch räich ass u Vitaminnen, Mineralstoffer a Spuerenelementer.

D’Blieder vun de Réidercher verschaffen

Och d’Blieder vun de Réidercher loossen sech gutt verwenden. Gitt awer Uecht, datt se nach frësch sinn. Wäscht d’Blieder, dréchent se gutt of a schneit se kleng. Si verfeineren Är Platen net nëmmen am Goût, si liwweren och nach vill gutt Vitaminnen. Och frësch preparéierte Stoffi mat Kraider oder selwergemaachte Kraiderbotter kréien duerch d‘Blieder vun de Réidercher e besonneschen, frësche Kick.