Uebst a Geméis

Op eisem Saisonskalenner gitt Der gewuer, wéi ee saisonaalt Uebst a Geméis aus regionaler Produktioun dëse Mount ze kréien ass. Am Februar gehéieren dozou nach ëmmer d’Gromperen an d’Muerten; ma och roude Kabes, Schwaarzwuerzelen, Zafuerjer (krauselege Kabes) an Ënne kënne bis Februar ouni Problem ageluecht ginn.

#regionalsaisonal

Eng regional a saisonal Liewensmëttelproduktioun huet och eng sozial Komponent Tëschent dem Produzent an dem Konsument entsteet e perséinleche Kontakt. Doduerch léiert de Verbraucher d’Aarbecht, déi an der Liewensmëttelproduktioun stécht, ze schätzen.

Tipps & Tricks

vum Mount

Ënnen an Nylonsstrëmp ophänken

Dat kléngt vläicht e bësse gelungen, ma Ënne kann ee méi wéi aacht Méint lageren, wann een se an Nylonsstrëmp ophänkt. Et stécht een d’Ënnen eng no där anerer an d’Strëmp a mécht tëscht zwou Ënnen ëmmer e Knuet.

Roude Kabes richteg aleeën

Frësch rout Kabeskäpp halen sech bis zu dräi Wochen am Geméisgefaach vum Frigo. Ugeschnidde Kabeskäpp bleiwen och e puer Woche frësch, wann een se an en Toile cirée wéckelt. Allerdéngs verléiert de roude Kabes relativ vill Vitaminn C, soubal en opgeschnidde gëtt. Duerfir sollt een en da méiglechst séier verschaffen. Roude Kabes soll een net mat Äppel oder Tomaten zesumme lageren, well déi Ethylen produzéieren, e Gas, deen de Kabes éischter wieleg gi léisst.

Pastinake preparéieren

Pastinake kann ee wéi Muerte kachen. Si sinn immens villsäiteg: Et kann een se broden, kachen oder dëmpen, als Geméis, Püree oder réi als Zalot iessen. Der Fantasie sinn hei keng Grenze gesat. Eng flott Iddi: Aus Pastinake kann ee gesond Geméischips maachen. Dofir d’Pastinake schielen, a Scheiwe schneiden an am gliddege Planzenueleg ongeféier dräi Minutte frittéieren. Wann déi eenzel Scheiwe schéi krupseg sinn, eraushuelen an op Kichepabeier ofdrëpse loossen.