
Verhënneren, datt Grompere kéngen
Dat bescht Mëttel, fir ze verhënneren, datt Grompere kéngen, ass, en Apel derbäizeleeën. Äppel produzéieren Ethylen, e Gas, deen dofir suergt, datt d’Grompere méi frësch a méi fest bleiwen.
Muerten afréieren
Fir datt sech d’Muerte méi laang halen, kann een se och afréieren. Dozou schneit een se a Stécker a blanchéiert se fir ca. 3 Minutten. Duerno ginn se am Äiswaasser ofgekillt an dréchne gelooss. Wann een d’Muerten dann direkt afréiert, halen se sech e puer Méint. Sou hutt Der ëmmer séier Muerte fir déi verschidde Preparatiounen zur Hand.


Battere grénge Kabes – wat maachen?
De grénge Kabes am Dëppe schmaacht esou batter, datt een en net iesse kann? Mat enger Pouz Zocker, e bësse séissem Moschter oder engem klenge Schotz Zitrounejus kritt een dee battere Goût aus dem grénge Kabes eraus. Geet dat net duer, da muss der Groussmamm hire Geheimtipp d’Saach an d’Rei bréngen: eng Bier wierfelen a mam grénge Kabes kachen. Dee séissen Aroma vun der Bier harmonéiert perfekt mam battere Kabes.