Uebst a Geméis

Am Mee fänkt d’Zalotesaison sou richteg un, d’Wiel ass grouss. Dat éischt Äerdbier léisst och net méi laang op sech waarden. Awer deen eigentleche Star am Mee sinn d’Spargelen. Ob gréng oder wäiss – béid Zorte schmaachen einfach nëmme gutt!

#regionalsaisonal

Eng regional a saisonal Liewensmëttelproduktioun huet och eng sozial Komponent Tëschent dem Produzent an dem Konsument entsteet e perséinleche Kontakt. Doduerch léiert de Verbraucher d’Aarbecht, déi an der Liewensmëttelproduktioun stécht, ze schätzen.

Tipps & Tricks

vum Mount

Spargele richteg lageren

Fir datt d’Spargele méiglechst laang frësch bleiwen, sollt een d’Staangen an e fiicht Duch wéckelen an an de Frigo leeën. Esou halen se sech bis zu véier Deeg. Duerno sollte Spargelen dann awer giess ginn. Besonnesch gutt schmaache Spargele mat Lëtzebuerger réier Ham derbäi.

Fréijoerszwiwwelen nozillen

Dat ënnescht Stéck vun e puer Fréijoerszwiwwelen an e Glas mat e bësse Waasser setzen. Een Drëttel vun der Zwiwwel sollt bedeckt sinn. D’Waasser reegelméisseg wiesselen. No ca. zwou Wochen ass d’Gréngs nogewuess.

Äerdbier – net just e séissen Dessert

Äerdbier passt och gutt zu gehäerzte Platen. De liicht saierleche Goût vum Äerdbier bilt de perfekte Géigesaz zu pikante Platen a méi schaarfe Gewierzer. E bësse Peffer oder Chili harmonéiert perfekt mat der Séisst vun der Äerdbier. Ma Äerdbier schmaacht och wonnerbar bei enger gehäerzter Ham oder engem salzege Kéis.