Uebst a Geméis

De Mount November trompt mat méi frësche Produkter op, wéi gemenkerhand geduecht gëtt. Et gëtt ëmmer nach Zalot, dorënner Mauséierchers a Rucola, ma och Zelleri, rout Rommelen an natierlech Kabes. Kabes gëllt als dat lokaalt Superfood schlechthin. Och d’Spackelter, déi een am Hierscht ka plécke goen, gehéieren zur Kategorie Superfood.

#regionalsaisonal

Eng regional a saisonal Liewensmëttelproduktioun huet och eng sozial Komponent Tëschent dem Produzent an dem Konsument entsteet e perséinleche Kontakt. Doduerch léiert de Verbraucher d’Aarbecht, déi an der Liewensmëttelproduktioun stécht, ze schätzen.

Tipps & Tricks

vum Mount

Fenchel frësch halen

Fenchel sollt ee méiglechst séier verschaffen. En hält sech maximal dräi Deeg am Geméisgefaach vum Frigo, wann een en an e fiicht epongen Duch wéckelt.

Mauséiercherszalot – knackeg & frësch

Besonnesch knackeg a frësch gëtt d’Mauséiercherszalot, wann een se virum Zerwéieren zéng Minutten an d’Gefréierfach leet. Duerch dësen Trick bleift och den Dressing oder d’Vinaigrette herno méi laang op der Zalot hänken. Den Dressing sollt een ëmmer eréischt kuerz virum Zerwéieren iwwer d’Zalot ginn, well se soss séier latscheg gëtt.

Schwaarzwuerzelen – réi oder gekacht

Schwaarzwuerzele gi meeschtens wéi Spargele gekacht a passe gutt zu Fësch a Fleesch. Ma och gebroden oder panéiert schmaache Schwaarzwuerzelen absolut delikat. Et kann een sech d’Schwaarzwuerzelen och réi gerappt an enger Zalot mat Mayonnaise oder Zitroun verfeinert schmaache loossen.