
De Kürbis schielen
Schneit de Kürbis an zwou Hallschechten a leet e véier Minutte bei maximaler Temperatur an de Bakuewen. D’Fruuchtfleesch vum Kürbis gëtt mëll an d’Schuel léisst sech kannerliicht erofmaachen.
Kolrawen, ënnerschiddlech preparéiert
Ob gebroden oder panéiert, als vegetaresch Variant zum Schnitzel, als Püree, am Uewe gebak oder gratinéiert oder och als Powerfood an engem Smoothie: d’Kolrawe sinn onheemlech villfälteg a kënnen op déi verschiddenst Manéiere preparéiert ginn.


Gréng Bounen däerfen net quiitschen
Wichteg: Gréng Boune mussen ëmmer gekacht ginn, wann ee se wëll iessen. Am réien Zoustand enthale se Phasin, e gëftegen Eewäissstoff. D’Boune ginn aacht Minutten a Salzwaasser gekacht, doduerch gëtt de Phasin zerstéiert. Heibäi kann och d’„Quiitschprouf“ hëllefen: Wann een an d’Boun bäisst an et quiitscht, da sinn d’Bounen nach net duerch. An deem Fall nach e puer Minutte méi laang kache loossen.