Uebst a Geméis

De Summer seet esou lues Äddi. D’Deeg gi méi kuerz an d’Wieder changéiert. D’Blieder un de Beem verfierwen sech giel, rout a brong – de gëllenen Oktober ass do! Aus dem Gaart a vum Feld gëtt nach jett erageholl – an dat ass genee esou faarweg!

#regionalsaisonal

Eng regional a saisonal Liewensmëttelproduktioun huet och eng sozial Komponent Tëschent dem Produzent an dem Konsument entsteet e perséinleche Kontakt. Doduerch léiert de Verbraucher d’Aarbecht, déi an der Liewensmëttelproduktioun stécht, ze schätzen.

Tippen & Tricke

vum Mount

Gromperennimm – wien denkt sech déi eigentlech aus?

Ass Iech schonn emol opgefall, datt Grompere meeschtens weiblech Virnimm hunn: Charlotte, Desirée, Nicola, Victoria …? Firwat dat esou ass, weess eigentlech keen esou genee. Déi eng behaapten, et wier, well d’Gromper a ville Sproochen e weiblechen Artikel huet, anerer mengen – an dat ass déi méi schéi Geschicht –, datt d’Baueren all nei geplanzten Zort no hirer Duechter benannt hunn.

Quidden einfach preparéieren

Quidden einfach preparéieren Quidden an engem Dampdëppen e puer Stonnen zéie loossen. Doduerch ginn se méi mëll a si loossen sech besser schielen a weiderverschaffen.

Toppstar Topinambur

D’Topinambur-Knoll ass resistent géint Keelt a Frascht a wiisst dat ganzt Joer iwwer.