Uebst a Geméis

Am September gëtt et weiderhin eng grouss Villfalt u frësche Produkter, och wann den Hierscht sech esou lues ukënnegt. Am September geet och d’Drauwelies un. Den eigentleche Star vum Mount September ass ouni Zweifel de Kürbis. Et gëtt klenger, grousser, ronner, krommer, gieler, oranger, rouder an esouguer schwaarzer. Eleng zu Lëtzebuerg ginn drësseg verschidden Zorte gezillt.

#regionalsaisonal

Eng regional a saisonal Liewensmëttelproduktioun huet och eng sozial Komponent Tëschent dem Produzent an dem Konsument entsteet e perséinleche Kontakt. Doduerch léiert de Verbraucher d’Aarbecht, déi an der Liewensmëttelproduktioun stécht, ze schätzen.

Tippen & Tricke

vum Mount

De Kürbis schielen

Schneit de Kürbis an zwou Hallschechten a leet e véier Minutte bei maximaler Temperatur an de Bakuewen. D’Fruuchtfleesch vum Kürbis gëtt mëll an d’Schuel léisst sech kannerliicht erofmaachen.

Kolrawen, ënnerschiddlech preparéiert

Ob gebroden oder panéiert, als vegetaresch Variant zum Schnitzel, als Püree, am Uewe gebak oder gratinéiert oder och als Powerfood an engem Smoothie: d’Kolrawe sinn onheemlech villfälteg a kënnen op déi verschiddenst Manéiere preparéiert ginn.

Gréng Bounen däerfen net quiitschen

Wichteg: Gréng Boune mussen ëmmer gekacht ginn, wann ee se wëll iessen. Am réien Zoustand enthale se Phasin, e gëftegen Eewäissstoff. D’Boune ginn aacht Minutten a Salzwaasser gekacht, doduerch gëtt de Phasin zerstéiert. Heibäi kann och d’„Quiitschprouf“ hëllefen: Wann een an d’Boun bäisst an et quiitscht, da sinn d’Bounen nach net duerch. An deem Fall nach e puer Minutte méi laang kache loossen.